Radioen

On air

De Moien  |  Neil Diamond - Cherry, Cherry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méideitegkeeten

Prisma

Méideitegkeeten

Wat bedeit d'Welt, a firwat ass se esou komplizéiert? D'Welt, déi eis ëmgëtt ass duerch d'Villzuel un Informatiounsangeboter net méi einfach ginn. Iwwerall gi mer dozou opgefuerdert fir kritesch ze sinn a kritesch ze denken. Dem psychesche Modell vun der Ambiguitéitstoleranz no mécht eis awer grad dës Villdeitegkeet vun der Welt ze schafen an et fält eis dacks schwéier, eis net a vereinfacht Duerstellungen ze flüchten. Fir Populisten ass dat eng Méiglechkeet fir hir Kaartenhaiser opzebauen.

auto_stories

7 min

Gutt oder béis, schwaarz oder wäiss. Esou ass et an net anescht! Deen ass e Frënd, an deen ass a Feind. Genee esou gesi vill Leit d'Welt. Datt vill Saachen net eendeiteg sinn, ass dacks nëmme schwéier auszehalen. Déi meescht vun eis hunn am Fong ganz gär einfach Äntwerten op komplex Froen, dat ass entlaaschtend an hëlt eis Stress ewech. Sou hu mer um Stammdësch oder beim Coiffeur dann och ganz séier Äntwerte fonnt. Ob de Problem vum Logement, den Trafic oder fir d'Klima ze retten. Meeschtens ass d'Léisung dann och eng, déi déi aner maache mussen. Si misste just méi Wunnraum schaffen oder si misste mol endlech de Bensin méi deier maachen, da wier dat séier an de Grëff ze kréien. An der Realitéit presentéiere sech dës Stammdëschweisheeten awer meeschtens wesentlech méi villschichteg an och emol widderspréchlech. Dat och schonn eleng, well d'Verhale vum Mënsch net ëmmer rational a logesch ass. Oder wéi kann ee sech erklären, datt een, an engem Land, wou et zanter Méint brennt, trotzdeem net ob dat traditionellt Neijoerschdagsfreedefeier wëllt verzichten. Oder datt ee Land, dat am Stau ënnergeet, all Joer nei Erfollegszuelen um Lëtzebuerger sengem Liblings-Ersatzreliounsfest, dem Autosfestival, feiert. Oder wéi erkläert een d'Zuele vu Vollen a Vakanzen déi weider erop ginn, obwuel och deem Leschten d'Konsequenze vum Klimawandel bewosst dierfte sinn.

Och eist tëschemënschlecht Verhalen ass voll vun Ambiguitéiten, de Bléck vum Aarbechtskolleeg mat deem zweedeitege Kommentar. Weist deen elo, datt deen eppes géint mech huet oder dat awer anescht gemengt huet?

All Dag verbrénge mer domat esou Ambiguitéiten ze deiten an ze interpretéieren. Mir probéieren der awer och all Dag aus dem Wee ze raumen, andeems mer zum Beispill nofroen oder eis bei anere Leit opreegen, fir eis ze iwwerzeegen, datt eis Interpretatioun awer déi eenzeg richteg a méiglech muss sinn.

D'Konzept vun der Ambiguitéitstoleranz

Zweedeitegkeeten a Widderspréch ze akzeptéieren nennt een an der Psychologie Ambiguitéitstoleranz. Also d'Fäegkeet Ambiguitéiten akzeptéieren ze kënnen. Ambiguitéit ass hei meeschtens mat Risiko verbonnen. Risiko well mer kee Wëssen doriwwer hunn, mat wéi enger Warscheinlechkeet eng bestëmmte Saach kann antrieden oder net. An der Psychologie verbënnt een de Konzept vun der Ambigutéitstoleranz och mat enger Ofwieraktioun bei perséinlechen Onsécherheeten, also mat Verdrängung a Schutzmechanismen.

De Christopher Beathge, e Professer fir Psychiatrie zu Köln, huet iwwer d'Ambiguitéitstoleranz gefuerscht an dobäi ënner anerem d'Amerikaner beobacht. An Amerika, wou d'Ambiguitéitstoleranz 1949 iwwerhaapt eréischt entdeckt gouf, konnt hien zum Beispill beobachten, datt amerikanesch Männer besonnesch déif a rau schwätzen, wärend Fraen éischter héich Stëmme géife kultivéieren. Hien huet dat als Ënnerstëtzung vu Geschlechterstereotyppen interpretéiert: de männleche Mann an déi weiblech Fra. Och am Sport konnt hien d'Tendenz zur Vereenheetlechung beobachten, well Baseball, Amercain Football keen Onentscheet kennen. Hei gëtt et am Géigesaz zum europäesche Fussball ëmmer ee klore Gewënner an ee Verléierer. Gëtt et deemno bei den Amerikaner, mee och bei eis da vläicht eng Tendenz, alles op eendeiteg Wouerechten ze bréngen?

Den Theodor Adorno, deen an Amerika geflücht war, huet an de 50er Joren zesumme mam Max Horkheimer ënner anerem dorunner gefuerscht. Méi genee hu si probéiert eng Theorie vun enger autoritärer Perséinlechkeet opzestellen. Also Eegenschaften opzestellen, déi eng Persoun empfänglech fir antidemokratescht a faschistescht Gedankegutt kënne maachen. Déi Fuerschung stoung nach ganz ënner dem Androck vun de Morde vun den Nationalsozialisten. Engem Regime, dee keng Ambiguitéite méi gedult an am Numm vun enger wahnwitzeger Iddi vu Rengheet a Rass, alles a jiddwereen ob eenzel vermeintlecht Wouerechten ageschwuer huet. Hei war et dann och iwwerliewenswichteg eendeiteg kee Judd ze sinn.

Radikalitéit als Mëttel géint Ambiguitéit

Elo mécht de Wonsch no Eendeitegkeet, dee mer alleguerten hunn, nach net aus all Mënsch en Nazi, mee et léist sech awer feststellen, datt einfach Äntwerten eng Méiglechkeet sinn, fir keng Méideitegkeeten opkommen ze loossen. Radikalitéit kann deemno e gutt Mëttel si géint Ambiguitéit. Well eng radikal Astellung léist Ambiguitéite guer net eréischt opkommen. Am Géigendeel, si si bis zu engem gewësse Grad och nach de Motor vu radikale Gedanken. Géint eng "Lügenpresse", korrupt Politiker an auslännesch "Strippenzieher", muss de Radikale sech zur Wier setzen.

Hei ass de Populismus eng "genial" Strategie géint Ambiguitéit. Sou kann een zum Beispill Zouwanderung villschichteg, als kulturell Beräicherung fir eist Land gesinn, se als moralesch Flicht gesinn, se als potentielle Problem fir d'Zesummeliewen oder se als sozialen, demokrateschen an ekonomesche Problem gesinn. Oder et kann een ee Bild op Facebook posten, dat den Ausseminister zesumme mat Flüchtlinge weist a suggeréieren, datt et déi zukünfteg Politik vun der LSAP an der Regierung wier, ëmmer méi Flüchtlingen an d'Land ze loossen, fir datt dono dee "gudde" Lëtzebuerger net méi weess, wat hien nach ass, a wou hie sech nach kann doheem fillen.

Psychologesch ass d'Vereinfachung vu populistesche Positiounen natierlech och attraktiv, et bréngt eis Entspanung, eng Entlaaschtung, déi mir als psychesche Gewënn erliewen. Als Beispill fir dëse Phenomeen kann een un amerikanesch Blockbuster denken: Et ass entspanend wann déi Béis béis sinn a bleiwen an och dofir bestrooft ginn. Wann de Béisen am neie "Star Wars" ëm den Eck bruecht gouf, wëll ech net nach seng Kanner a seng Famill gesinn, déi ëm hien traueren, mee et fillt sech gutt un, wann ech mech mam Held kann identifizéieren, deen dat Béist konnt bezwéngen.

Gëft fir d'Demokratie

Fir eis Demokratie ass dës Vereinfachung awer Gëft. Wann ech mir soen: Et huet souwisou kee Wäert méi ze wielen, well keng Partei vertrëtt 100 Prozent meng Meenung. Dee Moment geet kee méi wielen, well keng Partei vertrëtt 100 Prozent dat, wat ech vertrieden. Wat ech genee vertrieden, vertrieden ech eleng. Ech si jo selwer awer keng Partei a ka mech och net selwer wielen. Demokratie heescht deemno ëmmer Ambiguitéiten ze akzeptéieren.

Populismus ass deemno eng Strategie fir Ambiguitéite lasszeginn, mee et ass awer net dat selwecht, wéi den Totalitarismus aus dem 20. Joerhonnert. Déi déi haut engem Le Pen, engem Salvini oder och Boris Johnson hannendru lafen, géife wuel kaum nach hiert ganzt Liewen fir dës Cause opferen, wéi Unhänger vun engem Hitler oder Mussolini. Geféierlech genuch ass awer d'Offer vun dësen neie Führerfiguren trotzdeem, déi et dem Eenzelen erlaben, bequem an einfach Wouerechten als seng eegen ze akzeptéieren an nëmmen allze dacks eng entspriechend antihumanistesch Politik guttzeheeschen an ze fërderen.

Déi aner Alternativ fir Ambiguitéiten ze entkommen ass net vill besser. Si besteet dora kenger Autoritéit méi ze gleewen, ausser der eegener. D'Wouerecht läit a mir selwer a vläicht nach bei Youtube: De Politiker kann ee jo souwisou näischt gleewen, si si jo all korrupt a schaffe just an déi eegen Täsch, de Wëssenschaftler scho guer net, et ass dach just vun de Sue manipuléiert, wat déi publizéieren. Wann et awer keng Autoritéite méi gëtt, deenen ech gleewe kann, hunn ech am beschten ech lauschtere just nach op mäi Bauchgefill.

D'Akzeptéiere vun der Ambiguitéit als Conditioun fir Fräiheet

Genee hei setzt de moderne Populismus un, net beim manipuléierten ongebilten Aarbechter, deen ëm seng Plaz fäert, mee beim sougenannte kritesche Bierger, deem d'Kritik ze vill gëtt. Dee sech net méi zeréckfënnt am Dschungel vun all de villdeitege Wouerechten a sech no Einfachheet a Kloerheet seent. Dat ass eng aner Fal wéi d'Totalitarismusfal aus dem 20. Joerhonnert.

Elo däerf een awer och heibäi net selwer an d'Fal goen a Populismus nëmmen domadder erklären, datt Mënsche Méideitegkeeten net aushale kënnen. Ambiguitéitstoleranz kann héchstens ee psychesche Modell sinn, deen dobäi hëllefe ka fir d'Verhale vu Mënschen ze erklären, déi an ënnerschiddleche Situatiounen ëm hire Status, hir Aarbecht, hir Identitéit fäerten an och doduerch un Toleranz verléieren.

Zum Schluss nach e Verweis op d'Simone de Beauvoir, déi an hirem Essay "Pour une morale de l'ambiguité" och philosophesch fir méi Ambiguitéit plädéiert. Grad duerch d'Akzeptéiere vun der Ambiguitéit vum Mënsch a senger widderspréchlech Existenz a senge widderspréchleche Wäerter, gi mer wierklech fräi a kënnen eréischt voll a ganz liewen. Kënnen eis voll a ganz an d'Existenz werfen, komplett ageholl vum Genoss vum Liewen u sech.