Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicolas Michaux - Nos Retrouvailles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Money for nothing?

Prisma

Money for nothing?

Geld geschenkt ze kréien, ouni eppes dofir mussen ze maachen. Dat kléngt scho bal ze vill gutt, fir wouer ze sinn. An trotzdeem ass dat d'Iddi hanner dem bedéngungslose Grondakommes. Den Thomas Koenig huet sech d'Argumenter ugekuckt, déi fir esou eng Iddi schwätzen.

auto_stories

6 min

Virun e puer Stonnen huet dat neit Joer ugefaangen, an do kéint een lo elo doriwwer philosophéieren, wat ee sech dann alles wëllt fir 2020 virhuelen, oder wat an de leschten zwielef Méint alles net esou gelaf ass, wéi ee sech et erhofft hat.

Mee dat wier scho bal ze vill konventionell. Haut probéiere mer et einfach emol mat enger Iddi, déi ville Leit onverständlech bis absurd erschéngt, nämlech déi vum bedéngungslose Grondakommes.

Ëm wat geet et?

Déi eng schwätze vun bedéngungslose Grondakommes, déi aner vun Allocation universelle, nach anerer vu Revenu universel. Mee de Fong vun der Iddi ass deen: De Staat bezilt all Bierger, ouni sech dofir iergendeppes amplaz ze erwaarden, e bestëmmte Montant u Geld, an dat reegelméisseg.

Money for nothing, Dir musst emol keng Musek op MTV maache goen, wéi Dire Straits dat deemools an hirem Lidd gemengt hunn. Et geet duer, dass Dir a) Bierger vun Ärem Staat sidd a b) lieweg sidd.

Dat heescht konkret, datt all Mënsch, deen d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet, all Mount vum Staat géif e bestëmmte Betrag iwwerwise kréien, an dat onofhängeg dovun, wéi vill hien an der Pai huet, oder ob hien iwwerhaapt eng Pai huet.

Kléngt u sech gutt!

Argumenter

Mee elo kéint ee jo soen, datt déi Iddi ze gutt klengt, fir wouer ze sinn. Et kritt ee jo net einfach esou Geld. A wou soll dat ganzt Geld hierkommen? An am Numm vu wat hätt een dat Geld iwwerhaapt verdéngt? A wa mer all géife Geld geschenkt kréien, da géif jo kee méi schaffe goen, da géif och kee méi Geld produzéieren.

Trotz all deene gudden Awänn, wëllt déi Iddi net verschwannen. A well se eben esou wäit ewech ass vun deem, wat an eiser Gesellschaft d'Norm ass, ass se och schonn interessant, einfach just well se subversiv ass.

Well all Mënsch wéilt jo u sech räich a fräi vu Suerge sinn. Mee normalerweis dreemt een da just dovun, am Lotto ze gewannen. Oder e Star ze ginn. Mee et dreemt een normalerweis net dovun, all Mount eppes geschenkt ze kréien, ouni eppes dofir geleescht ze hunn.

D'Iddi vum bedéngungslose Grondakommes ass et, de Leit en anert Gefill vu sozialem Schutz ze ginn. Et muss een net méi eppes leschten, fir akzeptéiert ze ginn. Et muss een net esou séier wéi méiglech iergend ee sougenannte Mc-Job unhuelen, et kann ee sech och vläicht emol e puer Wochen oder Méint Zäit ginn, fir en interessanten Job ze fannen, oder sech weiderzebilden ... oder einfach emol näischt ze maachen.

Verdéngscht?

An hei komme mer da bei déi fundamental Froen. Wou soll d'Geld fir d'universellt Akommes nämlech hierkommen? Warscheinlech vun deenen, déi et hunn, dat heescht vu Firmen oder räiche Leit.

An dann ass natierlech och d'Fro do, duerch wat een iergendeppes verdéngt huet. Normalerweis gi mer jo dovun aus, datt mer eppes verdéngen, well mer dofir geschafft hunn. Mee wéi erkläre mer da Steieren? Oder de Räichtum vu grousse Betriber an hiren Direkteren, déi zwar vill Leit fir sech schaffen hunn, déi en Deel vum Geld, dat si erschafft hunn a Form vu Stéiere mussen ofginn, wärend déi Betriber zum Beispill steierlech Cadeaue gemaach kréien. Oder wéi erkläre mer Ierfschaften?

De Problem ass jo, datt et schwéier ass, de Wäert vun Aarbecht oder Leeschtung objektiv festzeleeën. Am Endeffekt huet eng Saach just dee Wäert, deen ee prett ass, fir se auszeginn. A wann ech näischt leeschten, wisou sollt ee mech dofir bezuelen?

Mee et kann een déi Fro och ëmdréien: Wisou solle mer nëmmen eppes verdéngen, wa mer eppes dofir gemaach hunn? Hu mir Mënschen net e Wäert u sech? Kënne mer eis Existenz nëmmen duerch Leeschtung rechtfertegen?

An anere Wierder: firwat musse mer schaffe fir eppes ze verdéngen?

An ech stellen d'Fro lo hei net reng rhetoresch, Dir dierft Iech se gär emol stellen. Well et geet net duer ze soen: "Well dat ëmmer schonn esou war". Dat ass jo kloer. Mee dat ass jo keng Fatalitéit. Also, nach emol: Wéini huet een eppes verdéngt? A wéi ee Wäert huet Äert Liewen? Oder d'Liewen vun engem anere Mënsch?

Eng anthropologesch Fro?

Mee nieft der Fro vun "Duerch wat verdéngt de Mënsch dat, wat hien huet?" drängt sech awer och nach eng ganz aner Fro op, nämlech déi vum Mënsch selwer.

Wa mer d'Mënscherechtserklärung vun der UNO huelen, do steet dran:
Artikel 1: "Tous les êtres humains naissent libres et égaux en dignité et en droits"
An Artikel 3: "Tout individu a droit à la vie, à la liberté et à la sûreté de sa personne."

Do brauch ech net vill Fantasie fir dat esou ze verstoen, wéi wann d'UN-Mënscherechtserklärung eis quasi zur moralescher Fliicht gëtt, esou eppes wéi en universellt Grondakommes anzeféieren. Well wann e Mënsch um Liewen ass, dovun eleng kann hie sech nach kee Liewe leeschten, dat mer "sécher" oder "würdeg" nenne géifen. Wa mer awer elo kucken, wéi een anthropologescht Konzept hanner dem moderne Rechtsstaat stécht, a wann mer konsequent sinn ...nujee, Dir gesitt, op wat d'Argument eraus wëllt.

Verfassung

An an eiser Verfassung, do fënnt een den Artikel 11 dee seet, datt de Staat d'"droits naturels de la personne humaine" garantéiert. En Droit naturel ass e Recht, dat de Mënsch opgrond vu senger mënschlecher Natur huet. Do stellt sech natierlech d'Fro, wat dohannert stécht, an op dat eng direkt Uspillung op d'Mënscherechter ass.

Op meng Nofro hin huet den Paul-Henri Meyers, dee sech jo méi am Detail mat eiser Verfassung beschäftegt huet, gemengt, datt et schwiereg wier e ganz konkreten Inhalt hanner deem Ausdrock vun "droit naturel" am besoten Artikel 11 ze gesinn. Op der anerer Säit géif awer am Paragraphe 5 vum selwechten Artikel stoen, datt d'Gesetz "la lutte contre la pauvreté" reegele misst.

An am proposéierten Text vun der neier Verfassung, déi et dann ënner där Form schlussendlech warscheinlech awer net wäert ginn, do steet dran, datt d'Dignité humaine inviolable ass, an datt den Staat dofir suergt, datt all Mënsch de Façon digne liewe misst kënnen, an och vun engem Logement approprié disposéiere misst kënnen.

Voilà, dat heescht, et wär elo warscheinlech iwwerdriwwe fir ze soen, datt d'Mënscherechtserklärung, respektiv eis Verfassung oder eis geplangte reforméiert Verfassung, eis expressis verbis befeelen géif, d'bedéngungsloost Grondakommes anzeféieren.

Mee déi Iddie vu sozialer Gerechtegkeet, Aarmut a Würd fënnt een awer an deenen Texter. An do kommen dann nach e puer Froen dobäi, déi och diskutéiert wëllen ginn.

An zwar:

Wéi kéint ee Liewe fir Iech perséinlech ausgesinn, dat een als würdevoll bezeechne kéint?
A wéi stellt Dir Iech e Liewe fir Är Matmënschen vir, dat déi selwecht Konditiounen erfëllt?

Bon, ech kann awer elo net hei op deene Froen ophalen, well déi kléngen ze vill profund a seriö, do drängt de Querulant a mir dann ze vill duerch. Dofir, hei nach dräi aner Froen:

Amplaz Iech ze froen, woumat all Mënsch esou e bedéngungsloost Akommes verdéngt huet, dréit se ëm: Am Numm vu wat huet net all Mënsch d'Recht op esou en Akommes?
Respektiv, wann Dir gëschter Owend e Freedefeier genoss hutt, fir dat Dir net bezuelt hutt, am Numm vu wat mengt Dir d'Recht ze hunn, dovun ze profitéieren?
Oder falls Dir dee sidd, deen d'Freedefeier bezuelt huet, dat all Mënsch am Ëmkrees vun e puer honnert Meter bewonnere konnt - oder huet missen: Wat gëtt deenen anere Leit d'Recht, dovun ze profitéieren?