Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger am Belsche Kongo

Zäithistoriker

Lëtzebuerger am Belsche Kongo

Den 30. Juni huet déi demokratesch Republik Kongo de 60. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vun der Belsch gefeiert an de belsche Kinnek huet seng Regrete fir d'Kolonialzäit presentéiert. An deene leschte Woche gouf bei der Debatt iwwer de Rassismus hei am Land, am Kontext vum weltwäite Mouvement Black Lives Matters, och ëmmer nees d'Roll vun der kolonialer Geschicht ervirgehuewen. Eng Geschicht déi anscheinend a Vergiessenheet gerode wier.

Den Zäithistoriker Régis Moes iwwer déi Lëtzebuerger Kolonialgeschicht am belsche Kongo

auto_stories

6 min

Ee Boot a Richtung Kongo, aus "Anvers maritime, etc [With illustrations.]" (1898)

Den 30. Juni huet d'demokratesch Republik Kongo de 60. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vun der Belsch gefeiert an de belsche Kinnek huet seng Regrete fir d'Kolonialzäit presentéiert. Zu Lëtzebuerg hunn d'Deputéiert vun der Piratepartei eng Questioun parlamentaire gestallt fir ze wëssen, ob d'Regierung gedenkt sech "bei de Geschiedegte vun der Kolonialiséierung fir d'Implicatioun vum Grand-Duché ze entschëllegen".

An deene leschte Wochen ass bei der Debatt iwwer de Rassismus hei am Land, am Kontext vum weltwäite Mouvement Black Lives Matters, och ëmmer nees d'Roll vun der kolonialer Geschicht ervirgehuewe ginn. Eng Geschicht déi anscheinend a Vergiessenheet gerode wier.

Eng Geschicht déi bekannt ass

Dobäi ass d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg fir d'Historiker ni e Geheimnis gewiescht. 1957 schonn, an der Kolonialzäit selwer, huet de Christian Calmes éischt Artikelen doriwwer geschriwwen. Auteure wéi Christian Delcourt, Romain Hilgert, Claude Wey, Marc Thiel, Michel Thill, Thomas Kolnberger, Mars Klein a Pierre Marson hu verschidden Aspekter vun der Kolonialgeschicht vum 19. an 20. Joerhonnert beliicht.

Ech selwer hunn 2011 meng Masteraarbecht iwwer Lëtzebuerger am belsche Kongo geschriwwen. D'Documentairen "Ech war am Congo" vum Paul Kieffer a Marc Thiel vun 2001 a "Schwaarze Mann" vum Fränz Hausemer vun 2018 iwwer d'Liewe vum schwaarze Gewerkschaftler a Stater Gemengerot Jacques Leurs, hunn d'Theema engem breede Public zougänglech gemaach.

Enn 2020 wäert am Musée Dräi Eechelen eng Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger an der Friemelegioun opgoen an am Februar 2022 am Musée um Fëschmaart eng Ausstellung iwwer Lëtzebuerg am Kolonialismus.

D'Participatioun vun de Lëtzebuerger un der Kolonisatioun vum Kongo ass keen Tabu a gouf och reegelméisseg an der geschriwwener an audiovisueller Press an deene leschten 20 Joer thematiséiert.

Kolonialismus huet Europa gepräägt

Firwat sollt Lëtzebuerg och keng kolonial Vergaangenheet hunn? All europäesch Länner ware vum koloniale Gedanke betraff, mee net nëmme si: d'Erschléisse vum sougenannte Wëlle Westen an den USA oder déi japanesch Besatzung vu Korea hu grad esou kolonialistesch Zich wéi d'Eruewerung vu gewëssen Deeler vun Asien duerch Russland.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert gëtt de Kolonialismus ëmmer méi duerch eng pseudo-wëssenschaftlech rassistesch Meenung ënnerstëtzt, laut där et anscheinend biologesch onméiglech wier "Wäisser" a "Schwaarzer" d'nämmlecht ze behandelen. Och wa mir zanter Joerzéngte wëssen, datt dës Rassentheorien Hirngespinster sinn, spiert een hiren Echo nach bis haut.

Roude Kautschuk aus dem Kongo

Et ass an deem Kontext, datt Lëtzebuerger vun 1883 un un der Kolonisatioun vum Kongo bedeelegt sinn, engem Territoire, deen deemools Privatbesëtz vum belsche Kinnek Léopold II. ass. Ee vun den éischten Arméioffizéier am Kongo ass de Nicolas Grang, vu Bëschrued gebierteg, wou eng Strooss haut nach säin Numm dréit. De Grang huet keen Heel draus gemaach, wéi hien un der Vernichtung vu ganzen Dierfer bedeelegt war.

E puer Joer méi spéit sinn eng Dose Lëtzebuerger Ingenieuren a Viraarbechter ënner der Direktioun vum Käerjenger Nicolas Cito um Bau vun enger Eisebunn bedeelegt, wou méi wéi 5.500 Aarbechter ëmkommen. An der nämmlechter Zäit sinn och Lëtzebuerger vu Privatentreprisen ugestallt, déi ënner schlëmmste Bedéngungen de Kautschuk vun der lokaler Bevëlkerung erpressen. Mee et ginn och Missionären an de Kongo, déi Schoulen an Dispensairë fir d'Afrikaner opbauen.

1908 muss de Léopold II. seng privat Kolonie un d'Belsch oftrieden, well d'Schreckensherrschaft, déi et do gouf, vun den aneren europäesche Staaten net méi akzeptéiert gëtt. Et ass wéinst der schrecklecher Zäit, an där Honnertdausenden, wann net souguer Millioune Mënschen ëmkomm sinn, datt haut an der Belsch d'Statue vum Léopold II. op verschidde Plazen ewechgeholl solle ginn.

1922-1960: Den Héichpunkt vum Lëtzebuerger Kolonialismus

1922, parallel zur neier Union économique belgo-luxembourgeoise, ginn d'Lëtzebuerger de Belsch am Kongo gläichgestallt a kënnen do Staatsbeamte ginn. D'Zuel vun de Lëtzebuerger am Kongo klëmmt a kuerz virun der Indépendance 1960 sinn der bal 600 do. Et fënnt ee se iwwerall: an der Staatsverwaltung, op Direktiounsposte vu groussen a mëttleren Entreprisen, als Independant, déi hiren eegene Betrib hunn an och als Missionären.

Vill waren zu Lëtzebuerg Member an de Kolonialveräiner wéi dem Cercle colonial. Des Veräiner organiséieren zu Lëtzebuerg Konferenzen, och an de Lycéeën, fir Leit ze motivéieren an de Kongo schaffen ze goen. Grouss Kolonialausstellunge fannen 1933 an 1949 am Stater Cercle statt. Op dëse Veranstaltunge gesäit een dacks d'Grande-Duchesse Charlotte an de Prënz Félix, grad wéi den Ausseminister Joseph Bech.

Och wann de Lëtzebuerger Staat juristesch ni e Kolonialstaat war, esou ënnerstëtzen d'Regierungen aus där Zäit ganz aktiv déijéineg, déi an de Kongo wëlle goen. Bei den Onofhängegkeetsfeieren den 30. Juni 1960 war Lëtzebuerg duerch de Wirtschaftsminister Pierre Elvinger vertrueden. Kuerz dorop meutert d'Arméi an dräi Véierels vun de Lëtzebuerger flüchten innerhalb vun e puer Woche virun der Insécuritéit zeréck an Europa.

Eng facettëräich Geschicht

De Kolonialismus am 19. an 20. Joerhonnert ass, fir d'Wierder vum Historiker Jürgen Osterhammel ze benotzen, e Phenomeen vu "Kolossaller Uneindeutigkeit". Et ass souwuel en Terrorregimm fir Kautschuk ze extorkéieren, wéi och de Bau vu Stroossen, Schoulen a Spideeler. Et ass souwuel d'Moderniséierung vun der afrikanescher Gesellschaft, déi eng Partie vun den Afrikaner begréisst huet, wéi déi gewaltsam Zerstéierung vun traditionelle politeschen a familiäre Strukturen. Et ass um Ufank ee vun de schrecklechste Gewaltregimmer, deen d'Mënschheet kannt huet, mee och an den 1950er Joren eng paternalistesch Gesellschaft.

1950 huet de Joseph Bech d'Kolonisatioun vum Kongo beschriwwen als "une oeuvre d'une si haute signification humaine, réalisation dont la Belgique peut être fière". Haut géif kee Regierungsmember méi esou eppes soen. De wëssenschaftleche Konsens ass, datt de Kolonialismus d'Exploitatioun vun der Majoritéit vun der Bevëlkerung duerch eng auslännesch Minoritéit war, um politeschen, wirtschaftlechen a soziale Plang.

Och wann déi physesch Gewalt no a no ofgeholl huet, goufen et am Kongo keng wäiss Aarbechter a keng schwaarz Patronen. Bis haut sinn d'wirtschaftlech Strukturen aus der Kolonialzäit nach ëmmer en place. Zu Lëtzebuerg melle sech haut ëmmer méi Leit zu Wuert, déi mat de Stereotyppen diskriminéiert ginn, déi am 19. Joerhonnert erfonnt goufen, fir de Kolonialismus ze justifizéieren.

Bei eis ass Gottseidank de Konsens an der Politik an an der Gesellschaft, datt de Kolonialismus sech net widderhuelen dierf. Et ass awer och um Historiker opzeweisen, datt dat, wat haut moralesch méi wéi verwerflech erschéngt, gemooss un de moralesche Wäerter vu virun 100 oder 60 Joer, fir vill Europäer d'Normalitéit duergestallt huet.