De Jeng Zeches ass Direkter vum Tourismus Zentrum zu Clierf an huet scho positiv Erfarunge konnte sammele bei Trëppeltoure wéi de Kniddelstier oder den Träipen Trëppeltier. Et geet haaptsächlech drëms dobaussen ze sinn, d'Natur ze genéissen a sech ze beweegen, seet de Jeng Zeches. Et ginn dräi Varianten, déi ofwiesselend proposéiert ginn. Géint 9:30 geet et mëttwochs a sonndes mueres lass.
Déi éischt Variant geet zu Clierf lass, féiert e bëssen duerch d'Stad, laanscht d'Abtei an den neie Lycée. Zu Clierf gëtt dann och fir Mëtteg giess. Vill Natur kann ee beim Tour mam Start zu Hengescht erliewen. Hei geet et duerch de Bësch bei d'Our a virum Iesse gëtt et nach e klengen Aperitif op der Tëntesmillen. Wien déi eelste funktiounsfäeg Waassermillen am Land, d'Rackésmillen, wëllt erliewen, dee start zu Wëlwerwolz. An der Robbesscheier gëtt duerno gutt gespeist.
Bei der Wiel vum Mëttes-Menü steet virun allem de lokale Charakter am Zentrum. Esou entdeckt een net nëmmen d'Géigend an d'Natur, mee och déi lokal Produiten. Fir sech unzemellen a weider Informatioune fënnt een um Site: www.visit-clervaux.lu.