Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  TLC - Creep

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Unerkennung fir d'Geschicht als Wëssenschaft

Fräie Mikro

Grouss Unerkennung fir d'Geschicht als Wëssenschaft

Den 21. Oktober huet de Fonds national de la Recherche seng Awards, seng Auszeechnunge fir aussergewéinlech wëssenschaftlech Leeschtungen am Joer 2020-21 iwwerreecht. De Michel Pauly, pensionéierte Professer op der Uni Lëtzebuerg, kënnt op dee groussaartegen Erfolleg vun der Geschichtswëssenschaft bei der Feier zeréck.

auto_stories

4 min

De Michel Pauly ass pensionéierte Geschichtsprofesser vun der Uni Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Haut géif ech gär meng Freed mat Iech deelen, datt meng läscht Doktorandin, d'Christa Birkel, den FNR-Award "for an outstandig PhD thesis" kritt huet, wéi dat an hirem Jargon heescht. Hir Dokteraarbecht, déi jo schonn am Wort, an der Warte, an op RTL virgestallt gouf, ass der Fro nogaangen, wéi d'Grofen a spéider Herzoge vu Lëtzebuerg am 14.-15. Joerhonnert hier Muecht konkret am Land Lëtzebuerg ausgeüübt hunn, wou se jo awer seele present waren, well bal deen een, bal deen anere gläichzäiteg a Béimen, a Brabant, am Brandenburg, an Ungarn Herrscher an och nach Kinnek a Keeser am réimesch-däitsche Räich war.

Eng Method, déi och aner Historiker notze kënnen

An net nëmmen dat: Wärend ville Joren hunn déi legitim Häre vu Lëtzebuerg d'Grofschaft oder Herzogtum fir kuerz Zäit als Pand u friem Herrscher ausginn, well se bei deene Scholde gemaach haten. D'Christa Birkel huet erausfonnt, datt Scholden net ëmmer, wéi munch Historiker dat ëmmer nees duergestallt hunn, en Zeeche vu finanzpolitescher Inkompetenz vun deenen Herrscher waren, mee och e Mëttel fir politesch Allianzen ze forméieren.

Dat si Froen, déi natierlech net nëmme fir dat deemolegt Lëtzebuerg interessant sinn. Mee mat där vum Christa Birkel developpéierter Method kënnen elo aner Historiker där Fro och nogoen, zum Beispill fir den Habsburger oder d'burgundeschen Herzogen hir Muechtpraxis besser ze verstoen. Eemol méi gouf also um Beispill Lëtzebuerg en historesche Problem analyséiert, deen sech änlech fir aner Territoire stellt.

FNR huet Geschichtswëssenschaften honoréiert

Ech freeë mech iwwer dee Präis awer net nëmmen, well meng Studentin ausgezeechent gouf, mee well de Fonds national de la Recherche, den FNR, zanter laangem emol nees Geschichtswëssenschaft honoréiert huet. An dat net nëmme mam Präis fir déi beschten Dokteraarbecht, mee och mam Präis fir dee beschte wëssenschaftleche Mentor, deen den Andreas Fickers krut, den Direkter vum Luxembourg Center for Contemporary and Digital History, dee sengem Fuerschungszentrum e fantasteschen Ekippegeescht vermëttelt huet.

An drëttens krut eng Ekipp ronderëm de Stefan Krebs den FNR-Präis fir déi bescht Promotioun vu hirer Wëssenschaft, an zwar fir hir Video-Installatioun op der Brillplaz an Esch, mat där se en vue vun Esch2022 versicht hunn d'Geschicht vun der Minettregioun unhand vu sechs zum Deel fiktionale Persounegeschichten engem breede Publikum méi no ze bréngen.

Humanwëssenschafte ginn net dacks honoréiert

Wa meng Recherchen näischt iwwersinn hunn, haten eréischt zweemol Historiker e Präis vum FNR fir hir Fuerschunge kritt: fir d'lescht 2015 fir eng Dokteraarbecht iwwer d'Fro, wéi am 19. an 20. Joerhonnert d'Schoul de Lëtzebuerger zum Bierger, zum Citoyen geformt huet. An 2009 war eng historesch Habilitatiounsthees als bescht wëssenschaftlech Publikatioun ausgezeechent ginn. Ofgesi vu Psycho an Erzéiungswëssenschaft si nach soss keng Humanwëssenschafte vum FNR honoréiert ginn.

Den FNR hat bis elo éischter e Problem mat de Geeschteswëssenschaften. Sou goufen zum Beispill Projete fir historesch Atlassen oder Quelleneditiounen als net wëssenschaftlech refuséiert. Den FNR refuséiert och grad déi Zort Publikatiounen ze subventionéieren, déi an de Geeschteswëssenschaften déi heefegst sinn: Dokteraarbechten an d'Akte vu Colloquen. Mee loosse mer hoffen, datt déi massiv Unerkennung vun der Geschicht als Wëssenschaft dëst Joer en neie Wand undeit.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.