Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Trouble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesond liewen am Minett

Lëtzebuerger Sachbicher

Gesond liewen am Minett

D'Fondation Bassin Minier bréngt an onreegelméissegen Ofstänn d'Publikatioun "Mutations. Mémoires et perspectives du Bassin Minier" eraus, an där d'Geschicht vum Minett pluridisziplinär opgeschafft gëtt. Den neie Band hëlt d'Geschicht vum Gesondheetswiesen an de Südgemengen ënner d'Lupp. Zwar gouf de Sujet scho virum Ausbroch vun der Corona-Pandemie festgeluecht, mee déi sanitär Kris gëtt dem Buch eng nei Aktualitéit.

auto_stories

7 min

De Link zur Publikatioun fannt Dir hei.


Déi rezent Pandemie kënnt am Buch u sech net vir. Indirekt ass se tëscht den Zeilen awer staark present.

Op der enger Säit ënnersträiche verschidden Auteuren, zum Beispill den Dokter René Metz, wéi wichteg et ass, déi sanitär Infrastrukture weiderhin auszebauen an ze moderniséieren. Zu Esch sollen d'Klinicke vun de Südgemengen dofir geschwënn an engem neien, héichmoderne Spidol zentraliséiert ginn an dank enger enker Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg d'Erausfuerderungen aus der Zukunft meeschteren.

Op der anerer Säit weisen déi vill historesch Analysen am Buch, datt et dacks Epidemie waren, déi d'Dokteren ëmmer nees dozou beweegt hunn eng adequat ëffentlech Hygiène ze fuerderen.

"[Die] Arbeiter und Bürger der Stadt Esch an der Alzette nehmen Kenntnis von dem großen, furchtbaren Übelstand, der hier herrscht, indem kein städtisches Krankenhaus besteht, infolgedessen die Stadt nicht in der Lage ist, für ihre erkrankten Einwohner in dem Maße Sorge zu tragen, d. h. den erkrankten Personen die Pflege angedeihen zu lassen, die ihre zerrüttete Gesundheit schnellstens wieder herstellen könnte. Durch diesen Übelstand wird eventuell einer Krankenepidemie der grösste Vorschub geleistet und so die Gesundheit und das Leben der Einwohner der Stadt Esch a. d. Alz. leichtsinnig auf's Spiel gesetzt."

Sou heescht et zum Beispill an enger Petitioun aus dem Joer 1907.

Déi wichteg Roll vun der Stolindustrie

Dat éischt provisorescht Spidol vun Esch ass 1866 gegrënnt ginn, kuerz nodeems d'Uertschaft vun der Cholera heemgesicht ginn ass. Siwe Joer méi spéit huet d'Stolfirma Metz & Cie déi éischt professionell Klinik an der Lëtzebuerger Strooss gebaut. Et huet sech hei ëm eng Privatklinik gehandelt, an där virun allem d'Aarbechter behandelt goufen. Wéi sou vill Aspekter vum Alldagsliewen an de Südgemenge sinn och gesondheetspolitesch Entwécklungen enk mat der Stolindustrie verbonnen an och an Uertschafte wéi Diddeleng an Déifferdeng waren et virun allem d'Stolhären, déi déi éischt sanitär Strukturen opgebaut hunn.

Vun den 1870er Joren un hëlt d'Bevëlkerungszuel wéinst dem wirtschaftlechen Opschwong massiv zou. D'Infrastrukturen an der nach ländlecher Regioun waren net adaptéiert fir dëse rapide Wandel. D'Liewens- a Wunnkonditioune vun den Aarbechter war deels katastrophal. Waasserleitungen an Ofwaasserkanäl goufen et a ville Quartiere keng an op de Stroossen huet sech den Dreck an den Offall gesammelt. Et wonnert net, datt ënnert dëse Konditioune Krankheeten sech breet gemaach hunn. Dobäi kënnt, datt et op der Schmelz an de Minnen an op der Eisebunn ëmmer nees zu schroen Accidenter koum.

"Malgré la défense formelle, plusieurs ouvriers s'étaient assis près d'une scorie Thomas, d'un volume de plusieurs mètres cubes pour y chauffer leur dîner et y manger. Tout à coup il y eut une terrible explosion et les ouvriers fuirent de tous côtés, mais la masse ardente que lançait la scorie, les atteignit et leur fit des brûlures plus ou moins graves. L'ouvrier Kirsch est mort pendant la nuit. L'état de Kerschen et de Meyer paraissait laisser peu d'espoir."

De Besoin un engem méi effiziente Gesondheetswiese war evident. Wéi d'Stéphanie Kovacs an den Armand Logelin-Simon an hire jeeweilege Bäiträg erklären, war d'Zesummespill tëscht Gemeng, Regierung an Industrie awer net ëmmer einfach. De Staat war gesetzlech net dozou verflicht, Strukturen ze schafen, fir d'ëffentlech Hygiène ze garantéieren. D'Responsabilitéit war eleng bei de Gemengen. Dës haten awer dacks weder d'Moyenen nach Interessi fir anzegräifen. Gesondheetlech Strukturen hunn dofir op Privatinitiative berout, dorënner Aarbechterënnerstëtzungsveräiner, reliéis-karitativ Hëllefswierker oder nach privat Klinicken.

Réicht am Laf vun den 1890er Joren ass déi ëffentlech Hand méi aktiv agegraff an d'Subsiden un d'Gemenge fir sanitär Anlage goungen an d'Luucht. An der Tëschenzäit krut d'Volléksgesondheet nämlech eng national Wichtegkeet a gouf och mat rasseschen Iddien a Verbindung bruecht.

Eng steigend d'Zuel un Dokteren

Wéi ënnerentwéckelt de Gesondheetssystem am 19. Joerhonnert war erkennt een och un der Zuel vun Dokteren, déi praktizéiert hunn. Am Gebitt vum haitege Lëtzebuerg sinn et 1800 just 5 Doktere ginn: zwee zu Dikrech, zwee an der Haaptstad an een zu Veianen. Am Escher Kanton huet sech den éischten Dokter réischt 1835 néiergelooss.

Wéi 30 Joer méi spéit d'Cholera ausgebrach ass, war d'Zuel vun Dokteren nach ëmmer net an d'Luucht gaangen. Well Esch-Uelzecht besonnesch staark vun der Pandemie betraff war, huet d'Regierung d'Dokteren aus den Nopeschkantone beoptraagt, op der Plaz auszehëllefen. Insgesamt sinn op enger Bevëlkerung vu 17.852 Awunner 684 Persounen un der Cholerapandemie gestuerwen. Réischt mat der Industrialiséierung an Urbaniséierung vun Esch ass och d'Zuel u Medezinner eropgaangen. Goufen et 1871 just dräi Dokteren waren et der am Joer 1900 scho 15. A sengem prosopographesche Bäitrag geet de Jos Massard op de Liewenslaf vun de verschiddenen Dokteren an Apdikter an, déi am Kanton Esch täteg waren.

De François Biltgen, Riichter um europäesche Geriichtshaff a fréiere Politiker, ëmräisst déi wichteg Etappen aus der Gesondheetspolitik vun der Stad Esch. Well hie selwer an der Minettmetropol opgewuess ass an och politesch do täteg war, huet säin Text plazeweis ee méi perséinlechen Touch. Sou zum Beispill wann hie sech op seng Erfarungen an der Bëschschoul zeréck besënnt.

"Gehaasst hunn ech d'Siesta vun 20 Minutten nom Mëttesiessen, wou mir hu missen "schlofen" ouni emol liesen ze kënnen. A beim Iessen huet ee missen "den Teller eidel maachen", an d'Pilcharde mat der Sprenz ënnerschlécken. Mee Mëttwochs, do gouf et Fritten."

Bëschschoule sinn 1913 zu Diddeleng an 1928 zu Esch entstanen. Hei goufen d'Kanner an der fräier Loft erzunn an nieft der intellektueller Forméierung och d'Gesondheet gestäerkt ginn. De Geert Thyssen vergläicht a sengem Bäitrag d'Konzept vun de Bëschschoulen zu Lëtzebuerg mat deenen an der Belsch. Hie kënnt zur Konklusioun, datt d'Schoulen zu Lëtzebuerg manner elitär a kathoulesch gepräägt ware wéi bei de belschen Noper.

Schwéier Zäite fir d'Escher Klinik

Eng ganz Partie Bäiträg schaffen déi mouvementéiert Geschicht vun den Escher Spidoler of.

De Jacques Maas weist, wéi d'Privatklinik vun Esch den Demande vum Vollek net gerecht gouf, a wéi sech de Projet vun engem ëffentlechen, stättesche Spidol konkretiséiert huet. Ganzer 18 Joer huet et gedauert, bis datt de Projet accordéiert gouf an de Bau huet sech och nach fënnef Joer laang higeschleeft.

Datt d'Klinik leschten Enns zustane koum, ass och dem Emil Mayrisch, Direkter vun der ARBED, ze verdanken, deen de Bau finanziell ënnerstëtzt huet. D'Antoinette Reuter beschreift an hirem Bäitrag déi verschidden architektonesch Komponente vum ëffentleche Spidol sou wéi se iwwer d'Joren an de verschiddene Pläng gezeechent goufen.

An de 70er Jore waren d'Gebailechkeete vum Escher Spidol schonn nees ze kleng an veraalt. Doriwwer eraus huet se jorelaang just nach rout Zuele geschriwwen. D'Situatioun huet sech fir déi ëffentlech Klinik nach verschlëmmert, wéi mat der Renovatioun vun der Privater Klinik Sainte Marie eng uerg Konkurrenz entstanen ass.

Der Escher Klinik si no a no Patienten a Personal fortgelaf. Dank der Moderniséierung vun den Infrastrukturen an enger méi enker Zesummenaarbecht mat anere Klinicken aus dem Süden, konnt d'Klinik sengen ëffentleche Missiounen nees gerecht ginn. De Michel Nathan, fréieren Direkter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch (wéi d'Klinik zënter der Fusioun mat Diddeleng heescht) liwwert a sengem Bäitrag een interne Bléck op d'Entscheedungsprozedure wärend dëse mouvementéierte Joren an op d'ëffentlech Debatte ronderëm d' Gesondheetswiesen.

2011 ass decidéiert ginn, eng nei, modern Klinik fir d'Südregioun ze bauen an déi dräi Spidoler vun Esch, Diddeleng an Nidderkuer zesummenzefaassen. D'Buch schléisst of mam éisträicheschen Architekt Albert Wimmer vum Konsortium European Health Team, deen 2015 d'Ausschreiwung fir dat neit Escher Spidol gewonnen huet. Mat enger bal kassandrescher Viranung freet d'Anne Heintz den Architekt, op sou grouss Projeten iwwerhaapt nach ze manage sinn. D'Zesummenaarbecht tëscht dem Albert Wimmer an der Stad Esch ass e puer Méint nom Interview tatsächlech gekënnegt ginn. Dem Architekt seng Äntwert op d'Fro ass erhellend.

"Großprojekten wie das Südspidol brauchen eine Planungskultur, d.h., dass alle am selben Strang ziehen müssen. Es darf nicht um Eitelkeiten einzelner Personen gehen. Gleichzeitig muss es eine gewisse Akzeptanz für eine sogenannte Fehlerkultur geben. Wir leben in einer Zeit, in der sich niemand mehr traut, zu sagen: "Entschuldigung, ich habe mich geirrt." Und drittens ist eine Entscheidungskultur notwendig, denn es müssen kontinuierlich wichtige und wegweisende Entscheidungen getroffen werden."

D'Bauaarbechte sollten dëst Joer ufänken. D'Ouverture ass fir 2030 geplangt.