Radioen

On air

Thé Dansant  |  Phoenix - Trying To Be Cool

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D’Chambre des Salariés ass net averstane mam Gesetzesprojet fir déi néi Ouverturesregelen am Commerce

Commerce

D’Chambre des Salariés ass net averstane mam Gesetzesprojet fir déi néi Ouverturesregelen am Commerce

D’CSL huet sech och explizitt géint de Gesetzesprojet ausgeschwat, deen de Code de Travail respektiv Sonndesaarbechtszäiten ännere géif. Déi zwee Gesetzesprojeten hänken zesumme. D’CSL begrënnt hir Entscheedung ënnert anerem domat, datt et keng Necessitéit géif ginn, fir d‘Ëffnungszäiten am Commerce ze änneren.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Am Dezember hat de Regierungsrot de Gesetzesprojet zu den néien Ouvertureszäiten ugeholl. Am Gesetzesprojet ass virgesinn, datt d‘Geschäfter vu Méindes bis Freides vu 5 Auer moies bis 10 Auer owes dierfen op hunn. Samschdes a Sonndes vu 5 moies bis 7 Auer owes. Déi selwecht Horairë gëlle fir d‘Feierdeeg an d’Owenter virun de Feierdeeg mat e puer Ausnamen. D’CSL betount an hirem Avis, datt et weder de Wonsch vun den Salariéë wier zu aneren Zäiten ze schaffen, nach géif et konkret Zuele ginn déi noleeën, datt Konsumente sech dëst wënschen, bezéiungsweis,  datt d‘Geschäfter doduerch Profit maache géifen. D’CSL berifft sech hei ënnert anerem op eng Etude aus dem Joer 2018 a verweist drop, datt et keng rezent Studie ginn, déi de Géigendeel beleeë géifen.

CSL: Gravéierenden Afloss op Privatliewe vu Vulnerabelsten

Wéi et am Avis vun der CSL heescht, hätt eng Liberalisatioun vun den Ëffnungszäiten am Commerce iwwerdeems och Auswierkungen op Salariéen aus weidere Secteuren. Zum Beispill op de Botzsecteur, den ëffentleche Transport, oder och de Gardiennage. D’Personal an dem Commerce géifen elo schonn zu de Vulnerabelste gehéieren an déi geplangten Ëffnungszäiten hätten ee gravéierenden Afloss op d’Privatliewe vun de schaffende Leit.

Doriwwer eraus géif de Risk bestoen, datt kleng Betriber par rapport zu grandes surfaces benodeelegt ginn, well si personell net sou gutt opgestallt sinn an deemno net déi selwecht Méiglechkeeten hunn owes a Weekends op ze hunn, heescht et am Avis.

Gewerkschaften hätte misste mat agebonne ginn

D'CSL kritiséiert och, datt d’Regierung am Elenggang virgaangen ass a weder d‘Syndikater nach Acteuren um Terrain an hir Entscheedung mat abezunn hätt. Wann een d'Aarbechtszäite moderniséiere wéilt, da misst een och mat de schaffende Leit schwätzen, sou d’Chambre des Salariés. Weider heescht et am Avis, datt de Gesetzesprojet d’Roll vun de Gewerkschaften ignoréiere géif. Sou eng Ännerung vun den Ouvertureszäite misst wann - dann an engem Kollektivvertrag ausgehandelt ginn, sou d'CSL.

Lauschterenplay_arrow