An hirem Avis betount d‘Chambre des Salariés e puer mol, datt dem Inneminister Léon Gloden säi Gesetzesentworf d‘Recht, fir sech friddlech ze versammelen, ze vill aschränke géif.
Silence heescht gläich net accordéiert
Ee Beispill ass den Delai, fir eng Manifestatioun beim Buergermeeschter oder der Buergermeeschtesch vun der betraffener Gemeng unzemellen. Am Gesetzesentworf steet, datt een dat fënnef Deeg virdru misst maachen. Dat wier ze restriktiv, schreift d‘CSL, virun allem a Fäll, wou een, wéinst exzeptionellen Entwécklungen, eng urgent Manifestatioun, oder e Protestpiquet wéilt organiséieren.
E weidere Punkt, deen d‘CSL stéiert: Wa nom Depot vun enger Manif-Demande de Buergermeeschter oder d‘Buergermeeschtesch méi wéi 4 Deeg laang net äntwert, géif hire "Silence" automatesch heeschen, datt d‘Manifestatioun net accordéiert gouf.
De Begrëff "Waffen" soll kloer definéiert ginn
Den Term „Waffen“ ass dann e weidere kriddelege Punkt am proposéierten Text. Well d‘Presenz an de Gebrauch vu Waffe wärend enger Demo der Police erlaabt, ze intervenéieren, misst am Gesetztext genee definéiert ginn, wat een ënnert enger Waff versteet, sou d‘Chambre des Salariés.
Déi aktuell Formulatioun, derno all Objeten oder Substanzen, mat deenen ee blesséieren oder schloe kéint, als Waffe kéinte consideréiert ginn, misst der CSL jo op alle Fall erausgeholl ginn. Well dat derzou féiere kéint, datt d‘Autoritéiten Objeten ewéi Pancartë mat Sloganen, op Demoe verbidden oder konfiszéiere kéinten.
Ze vill Spillraum fir d'Autoritéiten
An deem Kontext ass d‘CSL och strictement dergéint, datt esou wéi der Regierung hiren Entworf virschléit, d‘Police wärend enger Demo Autoe kéint duerchsichen, déi do geparkt sinn.
Schliisslech géif am Gesetzesentworf net genuch Ënnerscheed gemaach ginn tëscht engem „Rassemblement“ an engem sougenannten “Attroupement” am Gesetzentworf gëtt dat als Versammlung vu Leit definéiert, déi spontan zesumme kommen, an dobäi den Ordre public stéieren.
De Flou an där Definitioun wier der CSL no problematesch. Et géif den Autoritéiten ze vill Spillraum ginn, Manifestatiounen opzeléisen oder mat Gewalt dergéint virzegoen. D‘CSL nennt an hirem Avis d‘Beispill vun Aktivisten, déi eng Strooss blockéiere fir géint d‘Klimaerwiermung ze protestéieren. D‘CSL stellt d‘Fro: Stéiert ee wierklech den Ordre Publique wann ee géint eppes protestéiert – d‘Klimakris – dat méi schlëmm ass, wéi d‘Blockéiere vun enger Strooss?
D‘Chambre des Salariés fuerdert, wéi gesot, dass de Gesetzesentworf iwwert d‘Versammlungsfräiheet nees zréck gezu gëtt.