Um Aarbechtsmaart gëtt et EU-wäit praktesch eng Paritéit. 46 Prozent vun de Beschäftegten an der EU si Fraen. Mee an de Chefetagë sinn et nëmme méi 34 Prozent Fraen. Tëscht de Länner ginn et awer grouss Ënnerscheeder. Schweden ass Spëtzereider mat ronn 44 Prozent Fraen an den Decisiounsgremië vun de Privatentreprisen.
Lëtzebuerg läit do op der allerleschter Plaz, nëmmen 22,2 Prozent vun de Managerposte gi vu Frae besat. Zu Lëtzebuerg ginn et sougenannt positiv Aktiounen, wou d’Entreprisen op extern Spezialiste kënnen zeréckgräifen fir hire Fonctionnement z’analyséieren, an dono ee Plang opzestellen. Gréisser Lëtzebuerger Entreprisen hunn do scho matgemaach an et wier wichteg, datt weider Entreprisë géifen op dee Wee goen, erkläert d’Ministerin fir Gläichheet an Diversitéit d’Yuriko Backes.
"Well wat d’Decisiounsgremien och an Entreprisen divers opgestallt sinn, wat d’Decisioune besser sinn, wat et och am finanziellen an ekonomeschen Interessi vun der Entreprise ass."
Datebank mat Kandidatinne fir Verwaltungsréit
Ënnert deene groussen Entreprisë géif een d’Cargolux oder nach d’Post erëmfannen. Weider gëtt et och de Programm „Women in Board Pool“, deen et erlaabt déi richteg Persoun fir ee Verwaltungsrot oder aner Féierungsposten ze fannen, seet d’Yuriko Backes.
"Dat ass eng Databasis vu Fraen aus ganz verschidde Beräicher, déi och susceptibel sinn fir an Verwaltungsréit ze goen, wou d’Entreprisen och kënnen an déi Datebasis sech inspiréieren a Frae fannen, déi deem Profil entspriechen déi si dann och sichen."
A punkto Finanzplaz geet et awer och drëms de Fraen een Zougang zu Fongen ze vereinfachen, wa si Entreprisen aus dem Finanzsecteur leeden. De Staat selwer huet awer och Efforte gemaach fir Fraen an de Verwaltungsréit vun Institutiounen, Etablissement publicen oder nach Entreprisen ze nennen.