Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uecht

Flouernimm

Uecht

Vill vun eise richteg urege Flouernimm goufen dacks vun net-lëtzebuergesche Kadasterbeamten verschampeléiert, wat et dann heiansdo och schwiereg mécht, hir Bedeitung erauszefannen. Um Enn vum 18. Joerhonnert ware dat franséisch Beamten ënner dem Napoleon, an duerno waren et Hessen, also däitsch Beamten, déi vun eisem éischte Groussherzog, Wëllem den Éischten, ugestallt goufen, eis Flouernimm frësch ze repertoriéieren. Op der anerer Säit kënnen esou Iwwersetzungen awer och hëllefen, iwwerhaapt emol op eng Spuer ze kommen. Fir de leschten Deel vun eiser Summerserie iwwer Lëtzebuerger Flouernimm huet sech de Claude Faber genee esou een Numm erausgesicht.

auto_stories

4 min

Uechter d'ganzt Land gëtt et eng helle Wull u Flouernimm, déi ëmmer nees anescht ausgeschriwwen an ausgeschwat ginn, mee déi alleguer nawell dat selwecht bedeiten. D'Lëtzebuergescht ass jo am Fong e muselfränkeschen Dialekt, deen bis an d'19. Joerhonnert vun de meeschte Leit hei am Land geschwat gouf, an eréischt am Joer 1984 zu eiser Nationalsprooch deklaréiert gouf. Deemno sinn et net nëmmen déi franséisch an däitsch Iwwersetzunge vun eise Flouernimm, mee besonnesch och déi lokal, dialekt-bedéngten Ënnerscheeder an eisem Sproochgebrauch, en Éisleker schwätzt anescht wéi e Minetter, déi mat sech bréngen, datt et vill Flouernimm a ganz ënnerschiddleche Versioune gëtt.

Op der Uecht ass esou e Beispill. Oder soll ech éischter Oicht, Aicht oder Oacht soen? Uuscht an Huuscht gëtt et dann och nach. An déi däitsch Versiounen Acht an Aacht si viller Uerts och erëmzefannen. "Etwas in Acht nehmen" gëtt am Lëtzebuergeschen dann och gäre mat "op eppes uecht ginn" iwwersat, also op eppes gutt oppassen. A mat dëser Iwwersetzung komme mer der Erklärung vun eisem Flouernimm Uecht, Oicht, Aicht, Oacht, a wéi se all heeschen, schonn erëm e Stéck méi no.

Well am éischte Lëtzebuerger Wierderbuch vun 1950 gëtt Uecht och direkt mam däitsche Wuert Acht definéiert. Als zousätzlech Erklärunge steet dann nach do: heefeg zesummegesate Fluernumm, wéi an Schwoarzoacht, Kinnekuecht oder Zärenuecht. A bei Schwoarzoacht steet a Klameren nach Iechternach hannendrun, wat dann e klore Bezuch op den Iechternacher Dialekt mécht. Mee eng Begrëffserklärung vun Uecht oder Oacht ass an dësem Wierderbuch net dran.

Dëse Flouernumm net nëmmen um Land erëmzefannen

An der Datebank vun de Kulturgidder vun der Regioun Tréier heescht et allerdéngs, datt d'Wuert "Acht" an der Zäit en herrschaftlecht Grondstéck bezeechent huet, also e Stéck Land, e Feld, e Bësch, dat, zum Beispill vun engem Grof, ënner besonnesche Rechtsschutz gestalt gouf a vu Baueren an Doléiner dacks an Zwangsaarbecht bewirtschaft gouf. Deemno wär dat däitscht Zäitwuert achten quasi mat fronen gläichzesetzen, esou datt "Auf der Acht", also "Op der Uecht" e Grondstéck gewiescht muss sinn, dat dem Frondéngscht ënnerleeën huet, an op dat besonnesch gutt opgepasst gouf, well et soss vum Grof Streech ginn hätt.

Wann een dann nach am Lexikon vun der Lëtzebuerger Ëmgangssprooch bliedert, dee schonn am Joer 1847 vum Jean-François Gangler, Iwwersetzer um Geriichtshaff an der Stad, publizéiert gouf, fënnt een nach d'Wuert Oicht erëm, mat der Erklärung: "eine große Strecke von Ländereien, une grande étendue de terres". An dann nach "Vergleiche mit ach". An da si mer nees bei der däitscher Versioun vun Uecht ukomm.

Dëse Flouernumm ass awer net nëmmen um Land erëmzefannen. Och Stroossen a Quartieren uechter eist Ländchen ginn esou genannt. Firwat dat esou ass, ass ganz gutt un engem Beispill ze erklären. "Op der Uecht" oder "Op der Aicht" huet et nämlech laang Zäit och an der Stad geheescht, an zwar op engem Deel vun der haiteger Groussgaass, direkt beim Roude Pëtz. D'Groussgaass selwer huet do souguer Uecht-Gaass geheescht, an et stoung och eng Uecht-Paart do, duerch déi d'Leit an d'Festung vun der Stad eran- an erauskoumen. Dës Poart ass am Joer 1221 gebaut ginn, also net laang no der Gebuertsstonn vun der Stad Lëtzebuerg duerch de Grof Siegfried, dee jo um Bockfiels knapps 60 Joer virdrun seng Buerg opriichte gelooss huet.

Haut a kengem offiziellen Kadasterplang méi erëmzefannen

An do wiere mer dann nees bei engem Grof gelant, deen, wéi ufanks schonn erkläert, d'Felder a Beeter ronderëm seng Buerg och gäre vu Bauere bestelle gelooss huet. A wéi dat déi Zäit eben üblech war, hunn déi Plazen dann och séier den Numm Uecht oder Acht kritt. Lues a lues hu sech ëmmer méi Leit ronderëm dem Siegfried senger Buerg ugesidelt, d'Stad ass gewuess, an et war just eng Saach vun der Zäit, bis datt eng erweidert Rengmauer huet misse gebaut ginn. Deemno sinn d'Felder bei der Buerg no an no verschwonnen, an hunn neien Haiser, Gebaier a Gaasse misse Plaz maachen. Mee de Flouernumm Uecht ass bestoe bliwwen, an op vereenzelt nei Bauten iwwerdroe ginn, dorënner - wéi gesot - eng Duerchgangspaart vun der neier Rengmauer, an en Deelstéck vun der aler Réimerstrooss, déi vun Arel op Tréier geféiert huet, laanscht d'Buerg vum Siegfried verlaf ass, elo eben bannent der Rengmauer verlaf ass, an den Numm Uecht- oder Acht-gaass kritt huet.

Ronn 300 Joer duerno, wéi duerch e Blëtzschlag e grousse Brand an der Stad entstanen ass, deen e groussen Deel vun den Haiser vum Knuedler, iwwer d'Acht-gaass, bis hin zum Krautmaart komplett zerstéiert huet, gouf den Numm Uecht fale gelooss, fir der neier Groussgaass Plaz ze maachen. Mee nawell ass de Flouernumm Op der Uecht nach laang Zäit no dësem Brand vun de Stater Leit gebraucht ginn. Haut ass en awer a kengem offiziellen Kadasterplang méi erëmzefannen.