Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Leo Sayer - You Make Me Feel Like Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enttäuschten Hoffnunge vun der Liberatioun

Zäithistoriker

Enttäuschten Hoffnunge vun der Liberatioun

Am September 2019 Deeg waren et 75 Joer hier, datt alliéiert Zaldoten zu Péiteng an d'Land koumen a véier Joer Nazi-Occupatioun op en Enn goungen. Eng Zäit voller Hoffnungen, déi awer nach laang net all erfëllt goufen. Dës Hoffnunge stinn am Mëttelpunkt vum Vincent Artuso senger Chronik vun haut.

auto_stories

6 min

Eng gutt Frëndin vu mir hat mir viru Joren erzielt, wéi hire Grousspapp den Zweete Weltkrich an dann d'Liberatioun erlieft hat. Den 10. Mee 1940, wéi déi Däitsch Lëtzebuerg ugegraff a besat hunn, war hie knapp aus der Kandheet eraus. Dat Evenement huet hien dann an d'Welt vun den Erwuessener gestouss. De Bouf aus guttbiergerlechem, konservative Milieu huet séier geléiert, déi Proffen ze veruechten, déi Nazi-Propaganda verbreet hunn. Hie gouf frech an ass dowéinst aus dem Lycée geflunn.

1943 oder 44 gouf hien an d'Wehrmacht agezunn. Wéi vill jonk Lëtzebuerger huet hien d'Ostfront erlieft. E puer Méint laang. Duerno huet hien desertéiert, sech eng Zäit laang verstoppt an duerno enger belscher Partisanen-Organisatioun ugeschloss. Wärend der Rundstedt-Offensiv gouf hie vun der amerikanescher Arméi als Dolmetscher engagéiert an huet Däitschland besat.

Schwéier Upassung un d'Nokrichsgesellschaft

Wéi de Krich eriwwer war, war hie knapp iwwer 20. Hien hat vill duerchgemaach, mee nach ëmmer kee Premièresexamen. Also ass hien erëm an d'Schoul gaangen, wou hien déi al Proffen erëm gesinn huet. Dat waren net onbedéngt déi schroosten Nazi-Drecksäck. Si waren och net all Feiglingen, just Leit mat enger Situatioun, enger Famill, eppes ze verléieren. Par rapport zu hirem Schüler haten si net vill erlieft. Iwwerlieft hate si. D'Autoritéitsverhältnes war gebrach. Si haten him näischt méi ze soen.

De Grousspapp vu menger gudder Frëndin huet säin Diplom trotzdeem kritt. Hien huet duerno e Liewe laang versicht sech der Normalitéit vun engem anstännege Milieu unzepassen. Hie war en ongezäämten an enger Gesellschaft, déi kee Gebrauch méi hat fir e Profil wéi säin. Dat Weltkrichsschicksal ass eng kondenséiert Versioun vun deem, wat eng ganz Generatioun erlieft huet: d'Resistenz, d'Hoffnung, d'Freed no der Befreiung an dann d'niichter ginn, d'Enttäuschung. Vill jonk Leit hate vun enger neier Welt mat neie Wäerter gedreemt. Wat si krute war eng Restauratioun vun der Virkrichsuerdnung.

Radikaalst "Enthellege" vun de traditionellen Autoritéitsquellen

Déi Period an déi déi Generatioun opgewuess ass war eng Zäit vu brutalem Ëmbroch, vu kompletter Afrostellung vun der traditioneller Gesellschaft, vu radikaalstem "Enthellege" vun all den Autoritéitsquellen, déi si geléiert haten ze respektéieren, ze fäerten an ze follegen. Den nationalsozialistesche Regimm hat d'Lëtzebuerger Institutiounen entweder zerstéiert oder ënnerworf.

D'Exekutivmuecht hat d'Flucht ergraff. D'Grande-Duchesse huet zwar nach weiderhin e bal mystesche Prestige behalen, hir Ministere waren awer bei engem gudden Deel vun der Opinioun extrem onbeléift. D'Parteien an d'Gewerkschaften, op déi si hir Muecht baséiert haten, ware fort. D'Administratioune ware gläichgeschalt ginn an d'Beamten hate sech, nodeems si laang gezéckt haten, massiv an d'Volksdeutsche Bewegung gemellt. A wärend déi däitsch Zivilverwaltung d'Kierch entmuecht huet, huet de Bëschof sech am banneschten Exil zeréckgezunn. D'Stolindustrie huet hirersäits weiderhi fir den däitsche Krichsapparat produzéiert.

D'Nazien hate vir d'Gesellschaft ëmzekrämpelen, ze verwandelen. Si wollten déi frankophil, demokratesch, "separatistesch" a pafeg Lackschichten ofpoléiere fir den aartbewossten Däitschen, deen, hirer Weltanschauung no, an all Lëtzebuerger verstoppt war, erëmzefannen - an aus him en iwwerzeegte Nationalsozialist ze maachen. An deem Experiment waren d'Kanner an déi Jugendlech privilegiéiert Versuchskanéngercher.

Blitzkrieg op jonk Geeschter

De Calcul vun de Nazie war, datt e méi effizient wier sech op déi Jonk ze konzentréieren. Déi Al waren an hirer Majoritéit souwisou onverbesserlech. Dat war och iwwregens d'Logik vun der Ëmsiidlung vun de Réfractaires-Famillen. Si sollten net agespaart oder higeriicht gi wéi vulgär Nicht-Arier. An hiren Oderen huet jo kostbaart, germanescht Blutt gefloss. Nee, widderspenteg Sippschafte sollten an engem Ozean vun Däitschtum immergéiert ginn. No enger Generatioun wiere se total assimiléiert ginn.

D'Nazien hunn dann divers Moossnamen adoptéiert, fir déi jéngst Geeschter ze erueweren. De Schoulsystem gouf natierlech direkt nazifiéiert. D'Fräizäit gouf och vum totalitäre Staat kontrolléiert. Den Drock sech an d'Hitler-Jugend an am Bund deutscher Mädel unzemelle war immens. Et waren déi eenzeg Jugendorganisatiounen, déi nach erlaabt waren. Wann ee kee Member war, konnt een all Hoffnung opgi spéider studéieren ze dierfen.

D'Resistenz, eng Jugendbeweegung

Ass d'Rechnung vum Nazi-Regimm opgaangen? Schwéier ze soen, de Sujet ass ni wierklech ugepaakt ginn. A sengem Memoire iwwer d'Ortsgruppenleiter vun der VdB huet de Benoît Majerus erausfonnt, datt si bal all iwwer drësseg waren. Etüden iwwer d'Leit, déi nom Krich wéinst Collaboratioun jugéiert goufen, erginn änlech Resultater. An deem enge Fall kann ee sech soen, datt et logesch ass, datt d'Uféierer e bësse méi al waren; an deem aneren ass net auszeschléissen, datt d'Nokrichsjustiz Kanner a Jugendlecher éischter verschount huet.

Déi wéineg statistesch Analyse vun der Resistenz erginn do schonn ee méi interessant Bild. Wéi de Lucien Blau sech d'Altersklass vun de Resistenzler um Dag vun der Invasioun ugekuckt huet, huet hien erausfonnt, datt d'Hallschent vun hinnen ënner sechsanzwanzeg war, fënnef Prozent souguer ënner siechzéng a keen iwwer siechzeg. D'Resistenz war also eng Jugendbeweegung. Dat huet vläicht domadder ze dinn, datt jonk Leit méi stiermesch an idealistesch sinn.

Eventuell läit et och un enger anerer Eegenschaft vun der Resistenz: et war eng national Liberatiounsbeweegung. Si gouf also vu Leit animéiert, déi an der Tëschekrichszäit opgewuess waren. Zu engem Zäitpunkt also, wéi de Lëtzebuerger Nationalismus sech entfaalt huet, wéi d'Existenz vun engem Lëtzebuerger Nationalstaat wéi eng Evidenz duergestallt gouf.

D'Restauratioun vun der aler Uerdnung

Nach eppes huet d'Generatioun vun der Resistenz vum Rescht vun der Bevëlkerung ënnerscheet. An engem neutrale Land war si déi éischt zanter Joerzéngten, déi eng Waffenausbildung kritt an zum Deel Krichserfarung hat. Dowéinst si jonk, bewaffnet Leit iwwerall op de Fotoe vun der Liberatioun ze gesinn. Si hunn d'Miliz vun der Unio'n gebillt - D' Unio'n war d'Eenheetsorganisatioun vun der Lëtzebuerger Resistenz. Si huet den 10. September 1944 eng Matdeelung verëffentlecht, an där si behaapt huet d'Polizeigewalt am Land auszeüben. D'Regierung war do nach net aus dem Exil zeréck.

Am Oktober huet d'Unio'n eng eegen Dageszeitung erausbruecht, an deem hiren Nokrichsprogramm ze fanne war. Wéi am Rescht vum befreite Kontinent wollten d'Lëtzebuerger Resistenzler d'Dynamik vun der Liberatioun ausnotze fir eng nei Gesellschaft opzebauen: op enger nationaler, korporatistescher a sozialistescher Basis. Fir dëst Zil ze erreechen war awer eng Epuratioun néideg. An domadder huet d'Generatioun vun der Resistenz tatsächlech eng moralesch a physesch Rengegung vum Vollekskierper gemengt. Et sollten net nëmmen Nazien a Verréider bestrooft ginn, mee och all déi eeler Hären aus de Ministèren, de Schoulen a Betriber, déi op hire Poste bliwwe waren a gefollegt haten.

Dat waren d'Ambiance an d'Iddien, déi am Spéitsummer an am Hierscht 1944 dominéiert hunn. Duerno koumen de Wanter an eng brutal däitsch Konter-Offensiv, déi een Drëttel vum Land verwüüst huet. Wéi de ganze Spuk tatsächlech eriwwer war, hunn déi Erwuessen d'Saachen erëm am Grapp geholl. D'Resistenzler goufe mat Medailen Heem geschéckt an d'Uerdnung gouf restauréiert, wéi wann näischt passéiert wier.