Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dr. Marc Diederich: E Liewe fir d'Fuerschung

Sot emol

Dr. Marc Diederich: E Liewe fir d'Fuerschung

De Marc Diederich ass Professer fir Biochimie an aktuell Direkter vum Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer um Kierchbierg. Hie fuerscht am Beräich vum Kriibs bei Kanner, besonnesch am Kontext vu Leukemie a vum Neuroblastom.

auto_stories

2 min

Et ass eng schwiereg Zäit den Ament mat der Corona-Pandemie, mee e positiven Aspekt ass awer, datt d'Wëssenschaft aktuell méi a méi an de Mëttelpunkt vun der Ëffentlechkeet geréckelt ass, mengt den Dr. Marc Diederich.

"Absolut, ech felicitéieren eigentlech meng Virologen- an Infektiologekolleegen hei zu Lëtzebuerg, déi sech net scheien hir Meenung ze soen an hir Fuerschung natierlech ze erklären. Mee doriwwer eraus och hir Meenung soen an engem gewësse Sënn, mat ville falschen Informatiounen a mat Ligen, déi eigentlech dorëmmer verdeelt ginn, eben op ze raumen. Déi Virologen a Wëssenschaftler verdénge wierklech eise grousse Merci den Ament."

A Südkorea gehéieren d'Masken zum Alldag

De Marc Diederich ass nieft senge wëssenschaftlechen Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg och Professer op der Universitéit vu Seoul a Südkorea. A Gesiichtsmaske gehéieren do zum Liewen. Seoul ass eng grouss Stad, wou och d'Pollutioun eng Roll spillt, mee an där asiatescher Regioun fanne mer awer och e ganz natierlech Phenomen am Kontext Masken:

"Jiddwereen huet Masken doheem an déi ginn dohanne Yellow-Dust-Maske genannt. E bësse wéi mir de Sand aus der Sahara hunn, ass et esou datt am ost-asiatesche Beräich, virun allem a groussen Deeler vu China an ebe bis iwwer Südkorea ewech, de Wand aus den zentrale Wüüste vun der Mongolei eriwwer bléist, an ee Sand bréngt, dee wierklech schlecht ass fir d'Longen."

"Ech sinn dem Télévie dankbar"

Zanter 2002, also 20 Joer schonn ënnerstëtzt den Télévie de Laboratoire vum Marc Diederich. An eng grouss Zuel vu jonk Wëssenschaftler hei zu Lëtzebuerg konnten duerch den Télévie d'Recherche weider bréngen.

"Ech muss dem Télévie extrem dankbar sinn an op där anerer Säit sämtlechen Donateuren hei zu Lëtzebuerg extrem dankbar si fir den Télévie. Mä allerdéngs och all aneren Associatiounen, notamment déi am Beräich Kriibsfuerschung schaffen, muss ech wierklech dankbar sinn, well dat huet zu engem groussen Deel d'Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg mat opgebaut."

Zwee Rendezvouse kann een dann och nach festhalen, de 4. Februar ass de Weltkriibsdag an de 15. Februar de Weltkannerkriibsdag.