Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deconfinement: Wéi eng Corona-Reegele gëllen an der Groussregioun?

Mäin Europa

Deconfinement: Wéi eng Corona-Reegele gëllen an der Groussregioun?

Zanter dem 15. Juni sinn déi meescht Grenze bannen der EU nees op. Eng fräi Zirkulatioun ass domat och an der Grenzregioun nees no laangem méiglech. Mee fir d'Andämme vum Coronavirus weiderhin ze garantéieren, sinn an all Land nach strikt Sécherheetsmesuren en place. U wéi eng Reegele muss sech an de verschiddene Länner gehale ginn? Wéi eng Ënnerscheeder ginn et? A wéi een Impakt huet d'Reouverture vun de Grenzen op d'Groussregioun?

auto_stories

6 min

Och an den Nopeschlänner gëlle speziell Mesuren

Mat der Reprise vun de Chantiere gouf den 20. Abrëll déi éischt Phas vum Deconfinement zu Lëtzebuerg an d'Weeër geleet. Zanterhier ass och eng Mundschutzflicht a Kraaft, déi Bierger verflicht am ëffentlechen Transport, wéi och op Plazen, wou eng Distanz vun zwee Meter net kann agehale ginn, e Mask, e Buff oder e Schal viru Mond an Nues ze droen.

Lëtzebuerg war domat dat éischt Land an der Groussregioun, dat d'Mundschutzflicht ageféiert huet. Mëttlerweil gëllt déi Flicht och an eisen Nopeschlänner, a Lëtzebuerger, déi am Ausland hir Kommissioune maachen, schéngt dëst bewosst ze sinn.

Mee anescht wéi zu Lëtzebuerg trëtt d'Maskeflicht an Däitschland an an der Belsch eréischt a Kraaft, wann eng Distanz vun 1,5 Meter net kann agehale ginn. An a Frankräich läit d'Reegel bei engem Meter.

Speziell Mesuren am Restaurant

D'Nathalie Schneider, franséisch Patronne an engem Restaurant zu Apach erkläert, datt d'Ofstandsreegelung vun engem Meter och tëschent den Dëscher muss agehale ginn. Dofir hätt si d'Dëscher an hirem Restaurant méi wäit auserneegesat an de Clienten Desinfektiounsmëttel am Agang zur Verfügung gestallt. Vum Conseil général de la Moselle hätte si och Produiten a Plexiglas geliwwert kritt.

Am Restaurant wier och de Wee markéiert ginn, wéi een zirkuléiere soll, vum Agang bis bei d'Sortie, an et gëtt keng Kaart méi a kee Peffer a kee Salz. No all Client géif alles desinfizéiert ginn, zielt d'Nathalie Schneider.

De Frederik Theis, Hotel- a Restaurant Besëtzer zu Perl

E Maximum vun zéng Leit ass pro Dësch erlaabt. Dës Reegel gëllt den Ament och an der Belsch an an der däitscher Nopeschregioun Saarland. De Frederik Theis, Besëtzer vun engem Hotel- a Restaurant Betrib zielt, datt och a sengem Restaurant e Wee agezeechent gouf a Schëlder placéiert, fir et de Clientë méi einfach ze maachen.

D'Clientë kéinten och net méi fräi hiren Dësch auswielen, mee si géife vum Personal placéiert ginn, an et muss ee beim Deplacéieren eng Mask undoen, déi een awer ausdoe kann, wann ee sech un den Dësch setzt.

"Allgemein gilt auch das Gebot, Abstand halten. Es muss alles desinfiziert werden, für die Gäste haben wir da auch am Eingang Desinfenktionsmittel."

Nach wier eng gewëssen Onsécherheet bei senge Clienten ze verspieren, betount de Frederik Theis. Souwuel hien, wéi och d'Nathalie Schneider sinn awer frou, datt vill auslännesch Clienten nees bei si iesse kommen, an et géif och keng Problemer ginn, jiddweree géif sech un d'Reegelen halen. Verschidde Clientë géife just heiansdo no Prezisioune froen.

D'Ann-Kathrin Heck

Direkt un der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz befënnt sech och der Ann-Kathrin Heck hire Blummebuttek. Genee wéi a Restaurant a Caféë muss och hiert Personal am direkte Kontakt mat de Clienten eng Mask droen. Doduerch, datt ronn 50 Prozent vun hirer Clientèle aus Lëtzebuerg kënnt, kommen heiansdo Froen op, wéi dat an Däitschland gereegelt wier.

Reegele beim Coiffer

Och am Beräich vun der Kierperfleeg goufe strikt Sécherheetsmesuren an de verschiddene Länner en place gesat. D'Marie-Paule Gonthier, Patronne vun engem Coiffeurssalon zu Arel, erkläert, datt si zanter der Reprise nëmmen op Rendez-vous dierfe schaffen.

Dës Reegel gëllt fir alleguer d'Coiffeurssalonen an der Groussregioun. D'Patronne erkläert och, datt weder Zeitungne nach Gedrénks méi dierf am Salon verdeelt ginn. Ongewinnt wier virun allem Droe vun de Masken, un déi sech och d'Clientë misste gewinnen.

D'Marie-Paule Gonthier, Patronne vun engem Coiffeurs-Salon zu Arel

Eng Madamm erzielt, datt d'Mask si genéiert a si bal net ootme kéint. Eng aner Fra betount, datt et schwéier wier duerch d'Mask ze schwätzen. Mee si kéint d'Mesure novollzéien a wier frou, nees zeréck an de Coiffeurssalon kënnen ze kommen.

Vill hätt sech duerch den Deconfinement geännert, mee dat wichtegst wier de Clienten d'Onsécherheet ze huelen, mengt eng Coiffeuse.

Ënnerscheeder tëschent den dräi Länner

Coiffeurssalonen, Butteker, Restauranten a Caféë si mëttlerweil an der ganzer Groussregioun nees op. Anescht wéi an Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich dierfen an der Belsch d'Kinoen an Theateren eréischt den 1. Juli opmaachen.

Och bei de Rassemblementer ginn et den Ament nach Ënnerscheeder: Lëtzebuerg ass mat senger Reegel vun 20 Leit, déi sech dierfe privat an op ëffentlecher Plaz treffen, d'Ausnam. A Frankräich, der Belsch an Däitschland ass dës Zuel op zéng Leit limitéiert. A Rheinland-Pfalz dierf een awer zu méi sinn, wa sech zwee Stéit treffen.

Zanter dem 15. Juli ass virun allem déi fräi Zirkulatioun an der Groussregioun nees garantéiert, an dat mierken och déi auslännesch Betriber, déi no un der Lëtzebuerger Grenz leien. D'Nadine Schneider erzielt, datt si vill Clienten vu Lëtzebuerg an Däitschland hätt. Si wier dohier frou, datt d'Grenzen erëm op sinn, an datt si erëm normal schaffe kéinten, wann och net esou wéi virdrun, mee wéinstens kéinten d'Leit sech erëm fräi beweege fir spadséieren ze goen oder an ee Restaurant iessen ze goen.

Och d'Ann-Kathrin Heck zielt, datt een d'Reouverture vun de Grenze géif mierken. Verschidde Clienten hätt si zanter fënnef bis sechs Wochen net méi gesinn, an et géif een och mierken, datt méi lass wier.

Zoue Grenze si schwiereg

Och de Frederik Theis, Restaurant- an Hotelsbesëtzer zu Perl, erzielt, datt d'zoue Grenze mat enger Rei Erausfuerderunge verbonne waren, beispillsweis fir u Wuer ze kommen, well villes vu klenge Bauerenhäff aus Loutrenge kënnt. Wéi d'Reservë bis knapps waren, wier et fir de Frederik Theis schwiereg ginn. Wéi bis keng Clientë méi komm sinn, wier et nach méi schwiereg ginn.

Mee och Lëtzebuerger hätten ënner den zouene Grenze gelidden, wéi eng Cliente virun engem däitsche Blummebuttek verzielt.

"Ech kann och guer net verstoen, wéi dat méiglech ka sinn, datt an Europa Grenzen erëm zouginn, well ech weess jo nach, wéi dat ass, wéi dat deemools war. A wann ech elo mäi Meedche kucken, dat war am Fong immens erschreckt, datt hatt, dat am Schengelycée ass, net einfach esou iwwer d'Grenz konnt bei seng Schoul kucke goen, an och eben net méi déi Kommissioune kënnen ze maachen. Mir hunn dat ganz schwéier fonnt."

D'Groussregioun lieft vun der fräier Zirkulatioun vu Bierger a Wueren, heescht et vun all de Betraffenen. Dermat ass d'Freed net nëmmen iwwer den Deconfinement ze spieren, mee och iwwer d'Opmaache vun de Grenzen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.