Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boygenius - $20

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Realitéit vum Mënsch ausenee plécken

Sot emol

D'Realitéit vum Mënsch ausenee plécken

D'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron kommen aus ënnerschiddlech Richtungen: Konscht, Theater a Film. Si hu sech zesumme mat Succès un déi virtuell Welt erugewot.

auto_stories

3 min

Et begéint een d'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron ëmmer an der Koppel - si si multidisziplinär a schaffen zesummen. 2017 hu si sech un d'Welt vun der virtueller Realitéit erugetraut a meeschteren déi virtuell Konschtexpressioun zanterhier.

Dat gesäit ee reegelméisseg zum Beispill um LuxFilmFest, oder awer och 2019, wéi hire Projet Sublimation zu Venedeg um Filmfestival ausgewielt gouf.

Kennegeléiert hu si sech als Studenten, zielt d'Karolina Markiewicz:

"Dat wäerten 20 Joer hier sinn, mir waren nach op der Uni, do si mer eis déi éischte Kéier iwwer de Wee gelaf zu Stroossbuerg, an dunn ëmmer erëm. Bis dat mer 2013 un der éischter Expo geschafft hunn an d'Installatioun am klenge Kiosk gemaach hunn. Mir hu verschidde Projete gemaach, an dunn ass dat Anert dobäi komm. Mir hunn immens vill Diskussiounen a schaffe seelen zesummen, mir hunn de Komfort an engem Haus ze wunnen, deen een ass ganz uewen, deen anere ganz ënnen. Do, wou mir am meeschten diskutéieren, ass am Auto, wou mir Saachen entwéckelen, Iddie preziséieren. Mir si kritesch deen een deem Anere géintiwwer. Wann ech net verstinn, wat de Pascal mir erkläert, da soen ech et."

Exil a Migratioun als Theema

D'Karolina Markiewicz huet Politikwëssenschaft, Philosophie an Theater studéiert. De Pascal Piron Arts Visuels. Haut si se zu Lëtzebuerg am Enseignement an hale Schoul fir Schüler*Innen, déi am Exil oder geflücht sinn.

Als Kënschtler an als Proffen engagéiere si sech ëmmer fir Theemen, bei deenen de Mënsch am Mëttelpunkt steet. De Mënsch an seng Konflikter, sozial, kulturell a politesch Froen, déi duerch d'Migratioun entstinn. Méi genee hiren Effet op d'Dynamik vun eise Generatiounen.

Esou dauchen Exil, Refugiéen a Migratioun, ëmmer nees an hirem Wierk op. Och bedéngt doduercher, dat d'Karolina Markiewicz ee Migratiounshannergrond huet: Hir Famill kënnt aus Polen.

"Ech sinn interesséiert, et ass bal obsessionnell, dat ech wësse wëll, wéi ass dat, wann een am Exil ass? Wat bedeit dat fir de Mënsch a fir d'Gesellschaft? Ech schaffe jo och mat Kanner a Jonken, déi am Exil sinn, oder e Migratiounshannergrond hunn. Mir hu mam Pascal d'Gefill gehat, datt net genuch doriwwer gesot gëtt, oder datt een net vill an der Konscht driwwer fënnt, wat falsch ass: et sinn immens vill Kënschtler, déi dat thematiséieren. Fir eis war et wichteg d'Auswierkunge vun esou Rupturen ze thematiséieren."

Ee kënschtleresche Spagat

Hir kënschtleresch Bün ass d'Welt, an op där si si déi, déi Froen opwerfen. Markiewicz-Piron maachen als Kënschtler e Spagat, dee vu Film iwwer Theater bis bei déi visuell Konscht geet. Zesumme plécke si d'Realitéit vum Mënsch auseneen, tëscht Kreatioun an Zerstéierung, mat ëmmer nees am Zentrum d'Flüchtlingsproblematik, déi hinnen esou um Häerz läit.

"The Living Witnesses" ass e Film, dee vun Thilges Distributions produzéiert ass. Ënner der Leedung vu Markiewicz-Piron weist de Film d'Treffen tëscht Iwwerliewende vun der Shoa a Lëtzebuerger Studenten. Een intergenerationelle Film, deen de Lien mécht tëscht der Geschicht vum Passé an där vun haut.

"The Living Witnesses" krut den Grand Prize Hearts, Minds, Souls Auszeechnung um Flickers Rhode Island internationale Filmfestival.