Zanter den Ufankszäite vu Greenpeace Lëtzebuerg ass dem Roger Spautz säi Beräich d'Nuklearenergie bliwwen. E Beräich, wou ee mat klenge Succèse Schratt fir Schratt weider kënnt.
Chrëschtdag 1986 zu Cattenom
Dat war deemools eng Aktioun bei der Atomzentral zu Cattenom, déi mat 3.000 mat Helium gefëllten Loftballone mat Postkaarten drun ze dinn hat. An d'Iddi war fir déi virun der Atomzentral zu Cattenom fléien ze loossen.
"Fir ze kucke bis wouhinner déi Ballone mat de Postkaarten drun géife fléien, datt Leit eis déi kéinten zeréckschécken. Fir nozeweisen, wéi eng radioaktiv Wollek sech géif verbreeden.(...) Mer hunn och Kaarten zeréck kritt, ech mengen déi wäitste koum aus der Schwäiz."
Greenpeace ass eng Liewensastellung
Greenpeace ass keng Aarbecht, déi Nomëttes um fënnef Auer ophält an och de Weekend hält Greenpeace net op. Et ass wéi och an der Politik, wou een och am Privaten nach ganz dacks de Politiker ass. Zanter 37 Joer ass de Roger Spautz bei Greenpeace derbäi, mee méi kuerz trieden ass nach keng Optioun.
"Nee de Moment wäert ech sécherlech net méi kuerz trieden. Well ech eng Rei Aufgaben hunn, déi elo nach eng Rei Jore wäerten daueren. Well ech och vill fir de franséische Büro schaffen.(...) Et ass nach genuch ze dinn."
An op d'Fro: En Dag ouni Greenpeace ass ...?, war dem Roger Spautz seng Äntwert: "Net fir mech!"