Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Freezee Pops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf géint de Kriibs

Am Gespréich

Kampf géint de Kriibs

De Marc Diederich ass Professer an der Biochimie, an dirigéiert den LBMCC, de Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer um Kierchbierg. An dësem private Laboratoire gëtt haaptsächlech iwwer Leukemie an Neuroblastom gefuerscht, an et ass och hei wou d'Fuerscher, déi duerch Spendegelder vum Télévie finanzéiert ginn, schaffe kënnen. De Marc Diederich schwätzt an dësem Gespréich iwwer d'Fuerschung hautdesdaags, d'Fortschrëtter déi gemaach goufen, d'Opportunitéite vun de moderne Kommunikatiounsplattforme fir d'Fuerschung - an domat um Enn natierlëch fir Patiente déi u Kriibs erkrankt sinn. De 4. Februar ass de Weltkriibsdag, an de 15. Februar ass de Weltkannerkriibsdag. D'Nathalie Bender huet sech mam Wëssenschaftler ënnerhalen, dee wann en net just um Kierchbierg am Laboratoire ass, zu Seoul op der Universitéit Coursen hält.

auto_stories

7 min

Perséinleche Parcours

De Marc Diederich huet 1994 op der franséischer Universitéit Henri Poincaré Nancy 1 seng Etüden an der molekularer Pharmacologie ofgeschloss, a war dono op der Universitéit Cincinnati. Vun Ufank un huet de Marc Diederich sech méi fir d'Fuerschung interesséiert, entretemps ass de Biochemiker awer och faszinéiert vun de Resultater vun der Fuerschung, déi hien zënter méi wéi 20 Joer mécht.

"Also elo im Nachhinein fannen ech et absolut faszinéierend och mat Patienten ze schaffen, wat elo bei mir net de Fall ass. Et gesäit een esou, datt déi biomedezinesch Fuerschung notamment am Beräich vum Kriibs ëmmer méi an d'Richtung vum Patient geet a vum Patient muss goen. Dat heescht déi Patienten déi mir an Tëschenzäit 'gesinn' sinn déi déi an deenen internationalen Datebanke mat hire geneteschen, biologeschen oder och Informatiounen iwwer Proteinnen enthale sinn, soudass mir eigentlech eis Projet'en opbauen op Patienteninformatiounen ouni se jeemools gesinn ze hunn."Awer iwwer déi lescht fënnef Joer huet sech déi Méiglechkeet därmoossen entwéckelt, datt ee mat Hëllef vun der Bioinformatik mat Patientematerial schafft.

Akut Leukemien hunn eng Iwwerliewenschance op fënnef Joer vu 27 Prozent sou den Prof. Marc Diederich, dat heescht no fënnef Joer si vun 100 dorun erkrankte Mënschen der nach 27 do; dofir akut Leukemie. Et ginn ënner dem Begrëff Leukemie jo och déi aner Krankheete vum Knachemuerch gefouert.

"D'Iwwerliewenschancë bei der Diagnos Kriibs huet sech iwwer déi lescht 15 Joer an engem westleche Land em 30 Prozent verbessert. Dat kënnt duerch Fuerschung, duerch nei Medikamenter, awer och duerch d'Fréierkennung, virun allem awer, an dat mécht warscheinlech d'Hallschent aus, datt d'leit manner fëmmen."


Deel 1 lauschterenplay_arrow


Laangwiereg Fuerschung

Dem Prof. Marc Diederich seng Haaptfuerschungsfelder sinn déi vun der Leukemie an dem Neuroblastom. Dat ass eng kriibsaart bei Kanner, virun allem Kanner, déi méi jonk si wie fënnef Joer.

"D'Wuert "Neuro" ass an dem Terme dran, t' ss also eng Aart Kriibs vum Nervesystem, vun Nerven déi am Kierper sinn. Et ass e Kriibs dee sech entwéckelt aus Nervenzellen, déi nach net komplett entwéckelt sinn. Doraus entsteet dann eng Kriibsaart, déi fest Tumeuren am Kierper vum klenge Kand ervirrifft. D'Behandlung ass relativ effikass, ongeféier aacht Kanner vun zéng iwwerliewen d'Krankheet mat enger Rei klassescher Chimiotherapien, an an der Tëschenzäit awer och Immunotherapien an der sougenannter "targeted Therapy", méi geziilte Moleküllen, déi op individuell Marqueure reagéieren, déi vun dem Kriibs produzéiert ginn."


Deel 2 lauschterenplay_arrow


Chimiotherapie bei klenge Kanner ass net ëmmer optimal ajustéiert - trotzdeem si verschidde vun de genotzte Molekülle gëeegent fir déi Kanner déi zum Beispill un engem Neuroblastom erkrankt sinn ze heelen.

Fir eng besser Therapie kënnen unzebidden, fuerschen de Prof. Diederich an seng Mataarbechter am LBMCC och u sougenannte "neie Moleküllen". Wéi ee sech dat ka virstellen erkläert hien am Gespréich:

"D'Fuerschung, wéi se hei am Laboratoire um Kierchbierg gemaach gëtt, ass dacks ganz laangwiereg, an net ëmmer féiert se zum erhoffte Resultat."

De Professer Diederich erzielt awer och vun engem Moment dee mir géifen als "Duerchbroch" an der Fuerschung bezeechnen.

A konstantem Wandel

Wie fuersche wëllt brauch dofir Suen. De Marc Diederich ass mëttlerweil Fuerscher an Direkter vum LBMCC, dem Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer um Kierchbierg, awer och Professer op der National University vu Seoul. Am Laf vun de Joren huet et sech erginn, datt Projeten, dacks vun den zwee Instituter zesummen ugaange ginn.

Mee wéi kënnt een iwwerhaapt op de College of Pharmacy vun der Universitéit Seoul? Am LBMCC ass Kapazitéit fir 25 Fuerscher. De Marc Diederich seet am Gespréich, datt am Moment zéng Fuerscher hei schaffen, et sinn awer och zwee bis dräi Leit am Preavis. Dat huet och domat ze dinn, datt 2020 net esouvill Suen erakoumen iwwer den Télévie, de Kontrakter am LBMCC op zwee Joer garantéiert. Et ass natierlech fir keen Direkter flott, wann ee keng Suen huet fir seng Mataarbechter weider ze beschäftegen, awer, sou den Marc Diederich. Wann een an dësem Beräich schafft, sollt ee sech vu vir era bewosst sinn, datt ee keng Staats- oder Gemengeplaz huet, mee mobil muss bleiwen:

"Et ass een aussergewéinlech kompetitive Ëmfeld, et seet een oft Publish or perish - entweder mir hu Resultater oder d'Persoun ass fort. Respektiv mir hu Suen, oder d'Persoun ass fort. Do gëtt et eigentlech kee Wenn und aber, dat ass allgemeng bekannt, Fuerschung ass e relativ haart Pflaster an dem Sënn."

Den Drock ass deemno relativ héich, léisst dat genuch Zäit fir Reflektiounen?

"Soe mer mol sou: Téléviekontrakter si Kontrakter vun zwee Joer, wärend deenen zwee Joer ass et esou, datt d'Leit e Salaire hunn, mee se wëssen awer, datt et eventuell no zwee Joer eriwwer ass, an datt se eventuell mussen eng aner Plaz sichen. Dat ass e System dee sech esou international gependelt huet, et ass e Beruff fir Leit, déi ganz mobill wëllen a musse sinn, wann een haut zu Lëtzebuerg schafft, schafft ee vläicht den nächste Mount an England, oder an den USA oder an Asien, et ass kee Beruff wou ee säi ganz Liewen zu Lëtzebuerg schafft wie beim Staat oder bei de Gemengen."

An dat missten déi jonk Leit och wëssen, déi an dës Richtung ginn, sou de Prof. Marc Diederich weider.


Deel 3 lauschterenplay_arrow


Weltkriibsdag

Dësen Donneschdeg, 4. Februar ass Weltkriibsdag. En Dag deen zanter 2006 am Kalenner steet, an soll Sensibiliséieren op där enger Säit, awer och d'Gefill vun Hoffnung verbreeden. Ausserdeem ass de Weltkannerkriibsdag den15. Februar, mam selwechten Zil, sou de Marc Diederich.

"De 4. Februar ass Weltkriibsdag, en Dag deen all Mënschen, déi u Kriibs erkrankt sinn soll wësse loossen, datt se net vergiess sinn. Et ass eng extrem aktiv Fuerschung weltwäit, an et ass ganz kloer dass mir alleguerten doru schaffen dass mer eng Zukunft ouni Kriibs kréien. A spezifesch de 4. Februar soll jiddwereen, deen am Moment mat där Krankheet kämpft drun erënnert ginn, datt et ganz ganz vill Leit ginn déi u si denken an déi versichen hinnen ze hëllefen. Dat selwecht ass dann och de 15. Februar, de WeltKannerKriibsdag, wou et eben drëm geet erëm eng Kéier dass ganz vill Hänn op der Welt schaffen, fir deene kriibskranke Kanner ze hëllefen, net nëmmen an eise Länner, mee eben och an deenen defavoriséierte Länner."

De Motto ass dëst Joer #throughourhands - d.h. dass vill Hänn, ob dat d'Hänn si vun der Regierung, vun den Instituten, vun den Dokteren, vun de Krankeschwësteren, de Wëssenschaftler, vun den Elteren, de Grousselteren, vun den Associatiounen, an esou weider, dass ganz vill Hänn eben hëllefe Kanner a Richtung vu méi engem gesonde Liewen ze verhëllefen.


Deel 4 lauschterenplay_arrow


Zil: Kee Kriibs méi

Wéi de Prof. Diederich scho fir d'Geleeënheet vum Weltkriibsdag gesot huet. D'Zil vun der Fuerschung an dësem Beräich ass, datt et enges Daags kee Kriibs méi gëtt. Datt dat eng laangwiereg Saach ass, goung och kloer aus dem Gespréich ervir.

Awer et geet ëmmer nees Momenter vun Hoffnung, a Fortschrëtter an der Fuerschung, ee Beispill ass den Nobelpräis, deen den James P. Allison 2018 kritt huet:

"Den Nobelpräis 2018 hunn d'Allison an Honjo, en Amerikaner an e japanesche Fuerscher, iwwer déi lescht 20 Joren e Mechanismus erfuerscht deen eigentlech eisen Immunsystem zeréckhält. Dat ass scho wichteg fir eis, soss géif eist Immunsystem eis warscheinlech zerstéieren, mee leider ass et och e System den d'Immunsystem géint de Kriibs zeréckhält. Sie hunn dee Mechanismus erfuerscht, an et sinn nei Medikamenter erauskomm fir eben de Mechanismus ze blockéieren. An d'Resultat ass eng Immunaktivatioun um Niveau vum Kriibs, vun der Tumeur, vum Environnement vun der Tumeur, an dat ass effektiv en enorme Progrès."


Deel 5 lauschterenplay_arrow