Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 600 Tonne medezinesch Offäll: Wat geschitt domat?

Medezin

600 Tonne medezinesch Offäll: Wat geschitt domat?

Lëtzebuerg sicht no innovative Weeër fir medezinesch Offäll ze verwäerten. Hei am Land entstinn all Joer iwwer 600 Tonnen u medezineschen Offäll, déi am Ausland mussen entsuergt ginn. Eng nei Technologie aus Brasilie versprécht eng méi ekologesch a lokal Léisung. De Centre Hospitalier zu Esch envisagéiert fir bei engem Testprojet deelzehuelen. Bis dohi ginn et awer nach eng Rei Hürden.

auto_stories

3 min

Um ënneschte Stack vum Escher Spidol, dem CHEM, gëtt et e Beräich, dee fir Patienten net zougänglech ass. Hei gi medezinesch Offäll an zougeschweeste Backen tëschegelagert, erkläert de Serge De Freitas, Chef vun der Sécherheetsunitéit.

Zweemol d'Woch kënnt d'Firma Lamesch déi medezinesch Offäll sichen. Mee och am Rescht vum Land ass de Betrib den Ament fir d'Entsuergung vu medezineschen Offäll verantwortlech, erkläert de Marcel Klesen, Coordinateur fir Infrastruktur-Prozesser an zoustänneg vun der Unitéit fir Energie an Ëmwelt. D'Entreprise géif d'Offäll dann an eng Sondermüllverbrennungsanlag an d'Ausland transportéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng vergläichbar Anlag. Eng Temperatur vun 1.300 Grad, déi néideg ass fir d'Stoffer ze entsuergen, kann am SIDOR, der eenzeger nationaler Verbrennungsanlag, net erreecht ginn.

De Marcel Klesen ass Coordinateur fir Infrastruktur-Prozesser an zoustänneg fir d'Unitéit fir Energie an Ëmwelt

Eng brasilianesch Firma wéilt lo mat enger neier Technologie eng lokal Alternativ fir en Deel vu medezineschen Offäll bréngen. Den Aschätzunge vum Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie, kuerz LIST, no, hätt dëst eng Rei Virdeeler, erkläert de Marcel Klesen weider. Wa sech d'Resultater géife confirméieren, missten d'Offallstoffer net méi onbedéngt an d'Ausland transportéiert ginn, wat ekologesch a logistesch Virdeeler géif mat sech bréngen. Eventuell kéint dat och präislech Virdeeler hunn, wann d'Anlag esou konzipéiert ass, datt se mat manner Energie kéint auskommen, sou de Marcel Klesen.

D'Anlag soll als éischt getest ginn

Dem Escher Spidol wier et wichteg sech sengem ekologeschen Impakt bewosst ze sinn a fir seng Energiebilanz weider ze verbesseren. Firme mat neie Léisungsvirschléi wéilt een deemno ënnerstëtzen. Elleng am Escher Spidol gi pro Joer 70 bis 80 Tonne medezinesch Offäll produzéiert. Et kéint awer net all infektiéise Stoff vun der neier Technologie verwäert ginn. Offäll wéi déi sougenannt Zytostatiker kéinten net vun der Anlag behandelt ginn. Fir d'Testphas kéint ee just 70 bis 80 Prozent vun den Offäll un déi brasilianesch Firma viruginn. "Und dann muss die Anlage beweisen, was sie kann", seet de Marcel Klesen.

De Serge De Freitas ass de Chef vun der Sécherheetsunitéit

En offiziellen Datum fir den Ufank vun der Testphas steet nach net: Enn 2019 gouf e Memorandum of Understanding tëschent dem Escher Spidol an der Firma ënnerschriwwen. Mee eréischt wa kloer ass, datt déi nei Technologie mam nationalen Offallgesetz konform ass, kann de Projet starten. D'Entsuergung vu medezineschen Offäll ënnerläit nämlech strikte Richtlinnen, un déi sech jiddwer Betrib hei am Land hale muss. Virun allem déi infektiéis Offäll setzen eng bestëmmt Behandlungsmethod viraus. Et dierf ee se net einfach op eng Deponie geheien oder iergendwou oflageren. Et misst ee bestëmmte Schrëtter anhalen, fir datt d'Komplexitéit vun den Inhaltsstoffer net méi geféierlech ass.

E weidert Zil vum Projet wier et erauszefannen, wéi déi neutraliséiert Offallstoffer weider verwäert kéinte ginn. Bis lo ass an der Ëmweltverwaltung nach keen offiziellen Dossier vun der brasilianescher Firma eragereecht ginn, sou d'Spriecherin op Nofro hin. Deemno kéint den Ëmweltministère och nach net aschätzen, ob oder wéini den entspriechende Pilotprojet lancéiert kéint ginn.