Podcast 50 Joer Pierre Werner Rapport

Den 8. Oktober 1970 huet den deemolege Regierungschef a Finanzminister Pierre Werner säi Rapport iwwer d'Wirtschafts- a Wärungsunioun an der Europäescher Gemeinschaft presentéiert.

Pierre Werner

Zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu huet de radio 100,7 eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt.

De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister erméiglecht ee Réckbléck op dat 20. Joerhonnert, eng frësch Vue op d'Geschicht vu Lëtzebuerg a vun Europa.

Méi zum Thema

Stolindustrie Walzwierk
Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert

Am siwenten a leschten Deel vun der Podcast-Serie "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" geet et ëm d'Stolkris, de wirtschaftleche Wandel an déi lescht Jore vun der Werner-Ära.

Pierre Werner
Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert

"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie vum radio 100,7 a vun der Uni.lu. An der siiwter Episod geet et ëm de Rapport Werner a seng Pionéierroll an der Kreatioun vum Euro.

Viaduc 1960 dpa picture alliance
E MËNSCH A SENGEM JOERHONNERT

An der fënnefter Episod stinn déi wirtschaftlech, politesch an institutionell Entwécklungen zu Lëtzebuerg an de 50er a 60er Joren am Mëttelpunkt. D'Podcast-Serie ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Uni.lu an dem radio 100,7.

Pierre Werner Famill
E MËNSCH A SENGEM JOERHONNERT

Am véierten Deel vun eisem Podcast geet et ëm dem Pierre Werner seng éischt berufflech Erfarunge während an nom Krich an ëm d'Schicksal vu sengem Brudder Henri.

Henriette-Werner-Pescatore
E MËNSCH A SENGEM JOERHONNERT

Am drëtten Deel vun eiser Podcast-Serie geet et ëm dem Pierre Werner seng Fra Henriette, hir Elteren, hiert soziaalt Engagement an d'Entwécklung vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg.

Werner_Ep2-Edit-Edit.jpg
E MËNSCH A SENGEM JOERHONNERT

"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, vum radio 100,7 an Zesummenaarbecht mat der Uni.lu. An der zweeter Episod geet et ëm dem Pierre Werner seng Ausbildung.

Pierre Werner
E Mënsch a sengem Joerhonnert

"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, vum radio 100,7 an Zesummenaarbecht mat der Uni.lu. Am éischten Deel geet et ëm dem Pierre Werner seng Gebuert a seng Originnen.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen