Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Spiller, deen net spillt

Album vun der Woch

De Spiller, deen net spillt

No engem engem beandrockenden Debut, "The Dog and The Future" 2018, an enger Partie Singele presentéiert de Paräisser Elektro-Pop-Duo Agar Agar säin zweeten Album, mat futuristesche Kläng a virtuellem Gimmick. "Player Non Player" schwieft tëschent 90er Rave-Atmosphär vum Armand Bultheel an der subtiller Stëmm vun der Clara Cappagli.

auto_stories

3 min

Langweil, Agespaartsinn a Begierde bestëmmen dësen Album thematesch, an e gëtt vun engem Videospill-Projet begleet, deen op déi fiktiv Dimensioun vun der Musek reagéiert.

Monsteren, Draachen, Reider oder Maske peupléieren d'Texter, an am Videospill geet et do drëms, de geheimen Dreem vu véier Personnagen op d'Spuer ze kommen, déi zesummen an enger Villa liewen. Déi 12 Lidder sinn an eng immersiv, visuell Open-World Erfarung agebett vum talentéierte Game-Designer Jonathan Coryn.

An dann ass do nach d'Geschicht vum Notyet, engem Videospill-Charakter deen engem schreckleche Schicksal begéint ass. Den Notyet gouf am Ufank erstallt fir e lëschtege klenge Side-Quest ze proposéieren. Mee! De Spillcreateur ass onerwaart gestuerwen ier hie mam Programméiere fäerdeg war, an doduerch ass de Personnage him zu engem éiwege Verlaange verurteelt. Hien ass op enger Insel iwwer de Wolleke gefaangen, déi kee Spiller jeemools konnt erreechen. Elleng fir ëmmer

Eemol Alles, mat Extra-Synthi wann ech gelift

"Player Non Player" ass also ee Konzeptalbum, an et sollt een och de visuellen Deel matkréien, wann ee kann. Dat heescht net, datt Plack net funktionéiere géing ouni Konzept oder Videospill. Musikalesch gesi sinn Agar Agar fir eng gewëssen Däischtert bekannt, fir vokal a syntheetesch Experimenter, déi mol u Crystal Castles, mol un The Knife erënnere kënnen.

D'Ouverturesstéck "Cut Grass" iwwerrascht am Ufank, als eng Indie Power-Hymn, déi elleng um Album steet. All Tracks si mat 80er Synth Sounds an engem Indie Flair gehalen. Anerer erënneren u Videospiller aus den 80er Joren an den Opbau vun der Plack huet een narrative Charakter - ëmmer méi Spannunge bauen sech iwwert d'Songs op.

"Visit" ass direkt ee weideren hitverdächtegen Héichpunkt op dëser Pack, déi kontrolléiert a maîtriséiert klengt. Oft ginn Agar Agar dobäi op Rezepter zeréck, déi einfach wéi Kraftwerk-Songs funktionéieren, fir dann op Aneren, wéi "Trouble", vill méi verspillt virzegoen. D'Linne sinn net ze mechanesch a bidden Iwwerraschungen, wärend den 90s Beat sech 2023 erëm voll aktuell unhéiert. An engem stilistesche Sënn, ästhetesch gekuckt, ass dës Plack Dynamit.

"Dragonlie", "Fake Names" sinn Titelen, déi tëscht Trip Hop an Elektro-Clash hir Bunnen zéien, woubäi Leschteren an éischter langweilege Gefilden hänke bleift.

E "Grower"

Et ass eriwwer, wann een op "No Pressure" éischter erëm u Kraftwerk a Stereolab erënnert gëtt. Mee säi Surf haart un der Grenz zum Kitsch bekënnt dësem Album am Fong ganz gutt, a passt och bei seng verhale "gotesch" Ambitiounen.

"It's Over" ass dann och de gefills-ambivalenten Ofschloss op dëser Plack, vun deem en net weess, ob en Happy End oder endgültegt Opginn ass... hei an op anere Platze kéinten Agar Agar e bësse méi ze soen hunn.

Eemol alles, mat extra Synthi, dat war bestallt - a wie spannend Beats an erfrëschend Melodie gären huet, wäert hei net hongereg dovugoen. Ëmmer wann een sech op ee Beat agestëmmt huet an eng Stëmmung sech ofzeechent, geschitt eppes: de Beat ännert oder erweidert sech, an et daucht een nach méi déif an déi tonal Welt vum Agar Agar an. Dat soll elektronesch Musek maachen: ee graduell Eranzéien.

Wee spannend Beats an erfrëschend Melodie gaeren huet waert hei net hongereg dovugoen. An ëmmer wann ee sëch op ee Beat agestëmmt huet an eng Stëmmung sëch ofzeechent, geschitt eppes, de Beat ännert oder erweidert sëch, an et daucht een nach méi déif an déi tobal Welt vum Agar Agar an. Dat soll elektronesch Musek mengen ech och mat enegm maachen, dat graduellt Eranzéien.

De Rescht erschléisst sëch. Et ass arty a gët besser beim widderhuelte Lauschteren, ee Grower.