Et ass awer e spezielle Concert an der Philharmonie, well de Steven Pitman seng 25 Joer Bünepresenz als Elvis Tribute Artist feiert, mee gläichzäiteg ass et awer e Concert wou de Steven Pitman der grousser Bün Äddi seet.
De 16 August 1977
Deen Dag am August 1977 huet dem Steven Pitman, hien hat grad emol 12 Joer, säi Liewe verännert, dat kann ee roueg esou soen. Et war deen Dag wou d’Nouvelle koum, datt den Elvis Presley am Alter vun nëmmen 42 Joer gestuerwen ass. De Steven Pitman ka sech nach ganz genee un deen Dag erënneren. Hie war grad am gaange mat senger Schwëster a sengem Papp Canasta ze spillen, wou se dem Elvis säin Doud um Radio annoncéiert hunn an dono de ganzen Dag just Elvis-Musek gespillt hunn.
"Mäi Papp war ganz opgereegt, huet meng Mamm geruff a gesot ‚den Elvis ass gestuerwen‘. An ech hunn den Elvis dee Moment kenne geléiert, ech hu bis dohinner nach ni seng Stëmm héieren, keng Musek héieren. Mee ech war faszinéiert, obwuel ech dat deemools nach net esou realiséiert hunn. Vun deem Dag un huet mech déi Musek vum Elvis awer begleet."
Et huet awer nach eng Zäitche gedauert, bis de Steven Pitman ugefaangen huet Elvis Lidder ze sangen. Am Fong ass et 1999 richteg lass gaangen, nodeems hie fir Kolleegen e puer Elvis Songs gesongen a gemierkt huet datt et nawell gutt bei de Leit ukomm ass.
Den “Inoui” zu Réiden
Säin éischten ëffentlechen Optrëtt hat de Steven Pitman am “Inoui” zu Réiden. E krut d’Chance ze sangen, och wann nach weider keen de Steven Pitman kannt huet. E konnt sange mat der Optioun wann de Concert gutt géif lafen, da kéint en erëm kommen.
"An do weess ech nach ganz genau, do war ech 5 Owenter hannerteneen do, 5 Mol ausverkaaft. An een Owend war RTL do, a se hunn en Interview mat mir gemaach, an domadder huet alles ugefaangen hei zu Lëtzebuerg. Do war ech dann um Radio an am Fernsee, an do koumen déi éischt Ufroen an esou koum alles an d’Rullen."
E ganz intensiven an emotionalen Owend
Den zweete Mäerz ass dann de grousse Concert mat Band an Sträicherensembel an der Philharmonie. Et ass déi zweete Kéier, datt de Steven Pitman esou e grousse Concert an der Philharmonie presentéiere kann, deen éischte war kuerz virun der Pandemie fir seng 20 Joer op der Bün an elo dann, geet de Krees zou nach emol Philharmonie fir 25 Joer Bünepresenz.
"Et sti Lëtzebuerger Museker mat mir op der Bün, ech hunn e Sträicherensembel aus Däitschland an déi sinn op Elvis spezialiséiert. A ganz, ganz frou sinn ech datt meng Chouersängerinnen aus England deen Dag dobäi si kënnen. An ech hunn och e “Special Guest”, eng fantastesch Sängerin, méi wëll ech awer net dozou soen."
An dat alles zesumme versprécht e ganz intensiven an emotionalen Owend fir de Steven Pitman ze ginn.
E ganz wichteg Dag a mengem Liewen
De Steven Pitman ass am gaange sech ganz prezis op den Dag ze preparéieren, gesanglech, mental an och kierperlech, well et ass e ganz, ganz wichtegen Dag a sengem Liewen an a senger Karriär, a genee dat wëll hie mat de Leit, sengem Publikum deelen.
"Éischtens emol wëll ech e schéinen Owend presentéiere mat der Musek vum Elvis, déi mäi Liewen einfach esou positiv gestalt huet an och villmools Merci deen Owend soen, fir all déi Leit wou mech ënnerstëtzt hunn."
D’Joer vum Elvis sengem ronne Gebuertsdag
De Steven Pitman seet der Bün Äddi am Joer wou den Elvis Presley 90 Joer kritt hätt, den 8. Januar 2025 gouf un de King of Rock’n’Roll geduecht. An de Elvis Presley huet der Welt, seet de Steven Pitman, en immens grousse Schatz u Musek hannerlooss.
"Dat ass och ee vun den Haaptgrënn, firwat ech de Concert net de 24., mee de 25. wollt maachen, well et einfach de 90 Gebuertsdag vum Elvis wier. Dat ass e wonnerbare Jubiläum an e schéinen Ofschloss fir mech, quasi dann och Happy Birthday ze soen a villmools Merci un den Elvis fir déi ganz wonnerbar Musek déi en hannerlooss huet."
Et ass den Ament fir Äddi ze soen
Et ass en A dat laacht an en A dat kräischt, ass wuel dat beschte Bild mat deem een den Dag vum leschte Concert op der grousser Bün vum Steven Pitman ka beschreiwen an esou ass och säi Gefill bannen dran.
"Ech laachen an ech kräische gläichzäiteg, freeë mech immens drop, well dat ass hei zu Lëtzebuerg de Non plus Ultra fir hei zu Lëtzebuerg op der grousser Bün an der Philharmonie ze stoen. Awer ech denken och driwwer no, datt et ganz emotional a sentimental wäert ginn, well ech weess datt dat de leschte groussen Optrëtt mat der Band ass, et ginn nach vereenzelt kleng Saachen déi kommen am Laf vum Joer. Awer dat ass also tatsächlech meng Bün fir Äddi a Merci ze soen."