Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Maale Gars - Fonken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Museker huet den tschecheschen Eurovisiounssong matgeschriwwen

Eurovision Song Contest

Lëtzebuerger Museker huet den tschecheschen Eurovisiounssong matgeschriwwen

Um Eurovision Song Contest gëtt dëst Joer och ee Lidd gespillt, wat vun engem Lëtzebuerger matgeschriwwe gouf. Zwar net dat, mat deem d'Laura Thorn Lëtzebuerg vertrëtt. Mee dat Lidd, mat deem Tschechien um ESC matmécht, gouf vum Adriano Selva, bis viru Kuerzem als Chaild bekannt, matgeschriwwen. 

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Den CHAiLD op der Bün zu Groningen um Eurosonic Festival. | © Yves Stephany play_arrow
Den CHAiLD op der Bün zu Groningen um Eurosonic Festival. (Foto: Yves Stephany)

"Kiss Kiss Goodbye" heescht d‘Lidd, mat deem den Adonis Tschechien um ESC vertriede wäert. Den Adriano Selva an den Adonis hu sech 2019 iwwer Instagram kennegeléiert. Et wier een ëmmer a Kontakt bliwwen. Esou och fir den LSC zejoert, op deem sech den Adriano Selva net konnt qualifizéieren. 

Am Hierscht krut den Adriano Selva dann een Uruff vum Adonis.

"Dee mer seet: Ech mengen ech hunn eng Chance um ESC matzemaachen. Ech brauch Lidder. Wëlls de kommen? Komm mir treffen eis zu London an da schreiwe mer."

Um Lidd "Kiss Kiss Goodbye" ware schlussendlech dräi Songwriter, an dräi Producer bedeelegt, an eben och den Adonis. "Eng kleng Ekipp", ënnersträicht den Adriano Selva.

Een Dag Zäit, fir d'Lidd ze schreiwen

Fir "Kiss Kiss Goodbye", huet den Adriano Selva de Piano an d‘Haaptmelodie, wéi och den Titel vum Lidd geschriwwen. Wärenddeems hunn den Adonis, zesumme mam Producer a mat den zwee anere Songwriter um Text geschafft. Dat misst alles séier goen, erzielt den Adriano Selva: Si hate just een Dag Zäit fir d‘Lidd ze schreiwen.

"Mir waren zwee Deeg zu London, den éischten Dag ass näischt komm. Den zweeten Dag hunn ech mech e bëssi opgereegt, wou ech mer sot, allez komm mir si lo do, mir hunn all déi Suen ausginn, fir heihin ze kommen, lo, maache mer eppes."

Wann eng Dier zougeet, geet eng aner Dier op. Dat ass jiddefalls fir den Adriano Selva de Fall. Fir Lëtzebuerg duerft hie virun engem Joer d‘Lidd net selwer schreiwen. Dofir ass d'Satisfaktioun elo ëm sou méi grouss. Datt ee Lidd, dat hie matgeschriwwen huet, fir den Eurovisioun Song Contest erausgesicht gouf, ass fir hien och eng gewësse Bestätegung. "Ok, dat wat s du schreifs ass awer gutt", seet hie sech selwer.

Lauschterenplay_arrow