Radioen

On air

E-Lodie  |  KapTep - Seventy Eights

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Déi hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Vältesdag ass schonn eng Woch hir, an dach ass et net ze spéit, d‘Feier an ärer Bezéiung nees zum flackeren ze bréngen. Dat ginn eis déi Lëtzebuerger R‘n‘B Cuties Don Piano an Amia mat op de Wee mat hirer neier Single BOI. Léift a Fridde steet dann och am Bon Iver sengem léiwen neie Liddchen am Mëttelpunkt. Eng waarm Decke vun engem Song fir kuerz op Paus ze drécken. Den amerikanesche Pop Duo Tennis hëlt mat hirer neier Single "Weight of Desire“ Fleetwood Mac aus der Stil-Këscht. Ënnerschiddlech R‘n‘B Vibes ginn et vun den amerikaneschen Artiste Mereba a Leon Thomas. Den däitschen Indie-Museker Andi Fins seet op senger neier Single dass en eppes ganz gären huet. D‘Maz aus den USA fabrizéiert labber Trip-Hop Beats mat "Kiss Kiss Boom“ an de Reuben James rifft mat vill Funk a Soul op d‘Danzfläch.

Don Piano – BOI

Bon Iver – Everything Is Peaceful Love

Tennis – Weight Of Desire

Mereba – Ever Needed

Leon Thomas – MUTT

Andi Fins – Love It

Maz – Kiss Kiss Boom

Reuben James – Own Thing