Fir d’éischt nach eppes aus dem leschte Joer: D’Lëtzebuerger Musekerin Claire Parsons hat fir de Film “Mariengraben” de Soundtrack gemaach, an den Theme Song bréngt gutt Laun an déi kal Zäit.
Mam Skuto senger néier Release “Wanter” komme mir awer och musikalesch an där momentaner Joreszäit un, a verschaffen eng Trennung.
An och déi nei Single vun der Indie-Band Divorce klengt mat sengem Titel “Antartica” zwar kal, mee fillt sech beim lauschtere wei eng waarm Ëmaarmung un.
Fir d’Nostalgie hu mir dann nach déi neisten Japanese Breakfast Single, déi esou schéin ass, datt ee vläit eng kléng Tréin dréckt.
An fir dann awer bëssen Energie rëm zeréckzekréien: Déi nei Single vun der Indie-Rock Band Deep Sea River motivéiert Iech och an där méi däischterer Zäit schéi Momenter ze fannen.
Claire Parsons – Falling Into You (Theme Song)
Skuto – Wanter
Divorce – Antarctica
Japanese Breakfast – Orlando in Love
Deep Sea Diver – Shovel