Text: Claire Barthelemy
Méi wéi 10 Joer huet d’Kim Deal un dësem neien Album geschafft, an dat laangt Waarden huet sech wierklech gelount. “Nobody Loves You More” ass gewinnt lässeg, mat flotten Indie-Gittaren an der Kim Deal hire waarme Melodien, fir déi si nach ëmmer ee gutt Ouer hat. Mee déi nei Lidder sinn och immens emouvant, wat ee vun der Musekerin an hirem schwaarzen Humor manner gewinnt ass.
Méi wéi ee Genre
D’Lidder sinn onverkennbar: Se hunn déi gewinnte catchy Melodien, déi vun douce op melancholesch wiesselen. D’Gittare si wéi bei de Pixies an de Breeders schéin dissonant, an dacks och fett verzerrt. Trotzdeem kéint een dës Lidder net mat der Musek vun hiren anere Projete verwiesselen, well se méi wéi ee Genre exploréieren an och klasseschen Instrumenter dra virkommen.
Zum Beispill ginn am Titel-Lidd “Nobody Loves You More” Sträichinstrumenter dem Refrain eng flott Déift a klenge souguer zimmlech cinematesch zum Schluss. Am summerlechen “Coast” sinn et Blosinstrumenter, mat deenen d’Kim Deal iwwerrascht. Slide-Gitarren, wéi se am Country vill gebraucht ginn, kommen och mol vir. Dës Arrangementer sinn ongewinnt beim Kim Deal hirem minimalisteschen Indie-Rock, mee si sou clever agesat, datt se d’Musek net iwwerlueden. Dem Gesang ass nach ëmmer vill Plaz gelooss. Et klengt alles nach ëmmer ganz liicht.
Allusiounen op ee verréckelt Zäitgefill
D’Musekerin, där hire schwaarzen Humor een dacks aus hirer Musek raushéiert, weist sech op dësem Album vun enger anerer Säit. Et geet hei manner zynesch hir wéi soss an hiren oft witzegen Texter. Thematesch geet et vill ëm Trauer a Verloscht. D’Kim Deal huet seng zwee Eltere kuerz virun der Pandemie an der Zäit vun engem Joer verluer, an hat si bis zum Schluss versuergt. Hir Mamm war schonn zënter Joren un Alzheimer erkrankt, an Allusiounen op ee verréckelt Zäitgefill zéie sech duerch de ganzen Album.
Am Lidd “Are You Mine,” eng beréierend Ballade, sengt d’Kim Deal Wierder, déi hir Mamm hir zum Schluss gesot huet:
“Are you mine? Are you my baby? / I have no mind - for nothin’ but love”
D’Kim Deal illustréiert hei gekonnt, wéi desorientéiert et muss sinn, fir déi Leit, déi ënnert dëser Krankheet leiden, a fir déi Leit, déi se versuergen.
“Let me go / Where there's no / Memory of you / Where everything is new / And nothing is true”
Och war d’Kim Deal matgeholl vum Doud vum Steve Albini, dem legendären Touningenieur, deen duerch seng Aarbecht mat de Pixies, the Breeders, Nirvana a Pj Harvey bekannt war. Hie war ee gudde Frënd vun hir an huet och dësen Album produzéiert. Als Indie-Fan ass et deemno och zimmlech traureg ze wëssen, datt dat hei déi leschte Kéier ass, datt d’Kim Deal an de Steve Albini dëse flotte Sound zesumme produzéieren.
Eng Karriär mat villen Ups and Downs
Den Albumcover weist d’Kim Deal, wei si op enger klenger Insel setzt, mat just hirer Gittar, engem Verstäerker an engem Flamingo niewendrun. Dëst ass eng Uspillung un de Performance Artist Bas Jan Ader: Ee Performance-Kënschtler, deen an de 70 Jore wollt vun Amerika aus an England seegelen, an ni méi rëmfonnt ginn ass. “He didn’t make it. But he fucking tried. And it’s just failure, man,” sot si an engem Interview mat Vogue, an hei héiert een dann awer rëm hire schwaarzen Humor raus.
Sou schif ass et bei hir ni gaang, mee an hirer laanger Karriär, déi lo well bal 40 Joer undauert, gouf et vill rop a rof. Der brittescher Musekszeitung NME huet si gesot, datt si Enn 90er vill mat Sucht ze kämpfen hat, an datt si doduerch puer Joer vun hirem Liewe quasi ganz verschwent huet. Intressanterweis verschafft si des Regret’en um poppegste Lidd vum Album. “Coast” ass ee richtegen Ouerewuerm. D’Lyrics awer bidden een düstere Kontrast. “I've had a hard, hard landing, I really should duck and roll out, Out of my life,” sengt si. “Clearly all of my life, I've been foolish, Tried to hit hard, but I blew it,” sou d’Kim Deal wärend am Hannergrond Gittare flott Surfer Melodië spillen. Eng Bloskapell vu Chicago suergt weider fir Vakanzestëmmung an deem Lidd, an deem d’Kim Deal iwwert hiren Entzuch sengt.
D’Musekerin wëll trotz - oder vläicht grad - all deene schwéiere Momenter d’Liewe ganz bewosst genéissen. Am Lidd “Disobedience” spigelt sech dësen Trotz erëm. “If this all we are, I'm fucked,” sengt Kim Deal hei, an deklaréiert dann awer: “I go where I want while I'm still on the planet.” Am Lidd “Come running” deit si drop un, opzeginn, fir dann awer séier rëm ze soen “Give me poetry and magic And I'll come running.” Op dësem Lidd kann een iwwregens ganz schéin den typesche Steve Albini Battrie’s Sound nach eemol genéissen.
D'Liewe gëtt gefeiert
Ee méi verspillten Héichpunkt vum Album as "Crystal Breath", wou d’Verzerren nach eemol richteg opgedréint ginn. Hei treffen dissonant Gittarriffer op en Disko-Rhythmus - ee flott Experiment wat ganz anescht klengt wéi de Rescht vum Album.
De Schluss mécht “A Good Time Pushed”, wou d’Kim Deal de Saz “We're having a good time” am Refrain ëmmer sou oft widderhëlt, sou datt ee sech beemol net méi sécher ass, op si dat och sou mengt. Si huet un dësem Album a verschiddenen Liewensofschnëtter geschriwwen, dobäi huet si Erfolleg erlieft, Sucht, Krankheet an Trauer, fir zum schlussendlech awer d’Liewen ze feieren. D’Lidder sinn Dokumentatioune vun dësen Zäiten, wéi si an engem Interview mat Louder sot. "They're all just moments in time. And I just love them all, even the sad ones. There’s light in all of it and I love being alive,” sou d’Kim Deal.