D’Saya Gray ass jo schonn eng Partie Joren als Musekerin aktiv. Hiren Debut “19 Masters” koum 2022 eraus, dono gouf et och nach zwou EPen.
Ugefaang huet si hir musikalesch Karriär als Bassistin, ënner anerem fir hire kanadesche Landsmann, de Singer-Songwriter Daniel Caesar, an och fir de leider kierzlech tragesch verstuerwenen Liam Payne. Mee no 10 Joer an der zweeter Réi wollt d’Saya Gray sech selwer an de Fokus récken. An dat ass hir elo spéitstens mat “Saya” gelongen.
Een Album, deen - den Titel verréit et jo scho bëssen - méi perséinlech geroden ass, méi intim, op deem d’Kënschtlerin eis un hirem Trennungsschmäerz deelhuele léisst, zum Beispill am Song “10 Ways (To lose a Crown): E surreale Féiwerdraam, an deem et dorëms geet, d’Péng vun enger Trennung hanner sech ze loossen an nees emotional Autonomie ze fannen.
Am Géigesaz zu de Virgänger sinn d’Texter op “Saya” méi direkt, manner abstrakt, och wann de Songwriting ëmmer nach eng Grëtz kryptesch bleift, mee d’Trennung, déi hei thematiséiert gëtt duerchzitt all Songs an d’Trauer doriwwer stécht déif an den Texter vun der Saya Gray dran.
Inspiratioun aus den 90er
D’Saya Gray hat nach ni musikalesch Scheiklappen un. Grad op der leschter EP, déi 2024 erauskoum, huet si sech immens experimentell gewisen. An dat gëtt och op “Saya” weidergefouert. Et ass e wëlle Mix aus verschiddenen Stëmmungen a musikaleschen Aflëss. Mol sinn et däitlech Country oder Folk Inspiratiounen, och Neosoul a Chamberpop Elementer sinn ze héieren. Vill vun de Stécker briechen och gäre mol mam eegenen Tempo oder Genre, zum Beispill “Exhaust the Topic”, e Stéck wat vun akustescher Gittar a Pedalsteel gedroe gëtt, éier dann awer déi lescht 45 Sekonnen e radikale Broch kënnt a sech en Donnerwieder aus Drums an dissonante Kläng entluet: Dat ass schonn no um Nu Metal drun.
D’Saya Gray zielt ënner anerem och d’90s Rocker Rage Against the Machine als musikalesch Inspiratioun fir den Album op. Et kann een och nach d’Kate Bush, Fleetwood Mac oder och aktuell Popgréissten ewéi d’Aurora dobäipaken. Also wierklech eng immens breet Klangpalette, déi Dësen Disk auszeechent.