Dës Woch ginn et direkt zwee déck Pop Ouerewierm op d’Kaart. The Weeknd an justICE vs. Lisa zesumme mat Doja Cat a Raye Welchen Track ass fir iech den ultimative Pop Song? Mat dem 80er Sounddesign, de markante Synthikläng an epeschen Hooklines wäerte béid op alle Fall de Stadion fëllen.
Fir déi ënnert iech déi mat méi hausgemaachtener Musek zefridde sinn proposéiere mir déi nei Single vum britteschen Duo Sacred Paws. Eng melodiéis Gittar an enthusiastesch Drums mat enger Nout Ska bréngen e bësse Sonn an dësen driipsege Februar.
Déi japanesch-amerikanesch Musekerin Mei Semones beweist eis mat hirem Song “Dumb Feeling”, datt Bossa Nova an Indie Rock wuel beienee passen, an Deep Sea Diver zesumme mam Madison Cunningham inspiréiere sech um PJ Harvey fir hir Emotiounen ze kanaliséieren.
Op d’Oueren! 10.02.2025
- The Weeknd, justICE - Wake Me Up (Single Version)
- Lisa, Doja Cat, raye - Born Again (feat. Doja Cat & RAYE)
- Sacred Paws - Turn me Down
- Deep Sea Diver, Madison Cunningham - Let Me Go (feat. Madison Cunningham)
- Mei Semones - Dumb Feeling