Domat geet d’Sharon Van Etten genee den ëmgedréinte Wee wéi déi meeschte Museker*innen: Dacks grënnt ee fir d’éischt eng Band, trennt sech dann op Grond vun artisteschen Differenzen, a start dono eleng duerch, fir endlech kënne seng eege Visioun ëmzesetzen.
Déi 1981 gebuere Songschreiwerin huet awer no sechs Placken ëmmer méi ënner der Laascht gelidden, sech alles selwer auszedenken an alles selwer entscheeden ze mussen. Zesumme mam Teeny Lieberson (Keyboard), Devra Hoff (Bass) a Jorge Balbi (Batterie) goufen déi zéng Titelen op “Sharon Van Etten & The Attachment Theory” quasi live geschriwwen an opgeholl. Eng grouss Jam an der Wüüst also, déi awer erstaunlech fokusséiert an ofwiesslungsräich kléngt. “Afterlife” ass rengste Popmusek, ugedriwwe vun der Teeny Lieberson hiren Arpègen; “Idiot Box” kléngt wéi wann de Bruce Springsteen an den 1980er de Gothic entdeckt hätt amplaz de Stadion Rock; an déi zwee Schlusstitelen “Fading Beauty” an “I Want You Here” schwiewe fort an d’Éiwegkeet.
Iwwerhaapt spillt Transzendenz eng grouss Roll an den Texter.”Who wants to live forever” heescht et direkt am Opener “Live forever”. D'Sharon Van Etten hätt geléiert, sech selwer net méi an de Mëttelpunkt ze stellen, sech net esou wichteg ze huelen, a gläichzäiteg am Moment méi präsent ze sinn. “I’m not there, but I’m trying to be there every day”. Wärend d’Bandfotoen definitiv d’1980er zitéieren, esou ass den Album selwer zäitlos. D’Synthesizer spille méi eng grouss Roll wéi d’Gittar, déi soss traditionell bei der Sharon Van Etten de Sound bestëmmt huet, an awer bleift alles organesch, äerdeg an dynamesch. Besonnesch dem Devra Hoff säi Bass ass bestänneg a Beweegung, a léisst de Wüüstestëbs glënneren an danzen.