Dat lescht Joer war wichteg fir den Edsun, deen eng erfollegräich Live-Show international vertriede konnt a beim Label Beast ënnerschriwwen huet. "Just Text" beschreift den Ëmgang mat toxesche Leit iwwer een zackege Beat, a laut en neit Kapitel fir de lëtzebuergesche R&B Sänger an. Wat bestoe bleift, sinn d'Referenzen op d'90er Joren an Texter iwwer "Empowerment". Den Edsun wäert 2023 och op der Bün stoen an nei Musek ass an der Maach, mat neien Inspiratiounen.