Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Once upon a time...

Literatur

Once upon a time...

Wéi sinn d'Bridder Grimm iwwerhaapt op d'Iddi komm, fir Märercher a Soen ze sammelen? A sengem Roman "The Treasury of Tales" entwërft de Robert Schofield e méiglechen Zenario. D'Buch ass op der Shortlist vum Servais-Präis 2021.

auto_stories

3 min

''(...) the king of the frogs jumped out of the river on to the path and addressed her.

'Now, young girl, we have seen you gathering reeds, and we have pitied your sorry plight that you have so little in the eyes of men and can't live with nothing at all as we frogs can. So we have three songs for you, one of wisdom, one of patience and one of laughter. If you sing these three songs in the town in a single day, and just one person listens to your singing, by the end of that day your fortune will have changed. But you must remember the songs.' ''

Mat de Märercher a Soe, déi si dorëmmer gesammelt haten, sinn d'Bridder Jacob a Wilhelm Grimm weltberüümt ginn. Ier et souwäit koum waren déi zwee ënnert anerem Bibliothecairen um Haff vum Jerôme Bonaparte, Kinnek vun Westphalen an de Joren 1807 bis 1813.

A sengem Roman ''The Treasury of Tales'' (Black Fountain Press) setzt de Robert Schofield de Jacob an de Wilhelm ongeféier an där Zäit an Zeen - ouni Usproch op historesch a geografesch Genauegkeet, wéi den Auteur an engem Nowuert selwer zougëtt.

Materiellen vs immaterielle Wäert

De Wilhelm gëtt am Optrag vu sengem Kinnek heivir an den Hunsrück an dat fiktiivt Duerf Rabenheim geschéckt, dat vun den napoleoneschen Truppe besat ass. Do soll hien d'Bestänn vun der Klouschterbibliothéik inventoriéieren, op d'mannst emol dat wat nom Passage vun de franséischen Zaldoten dovun iwwereg bliwwen ass.

An der Wiertschaft, an där hien ënnerbruecht ass, kritt de Wilhelm enges Daags mat, wéi de Schräiner de Clienten do seng Märercher zum Beschte gëtt. Hien hëlt sech vir, dës Geschichten um Pabeier festzehalen.

De Roman spillt an enger Zäit, an där d'Buch u sech e wäertvollen Objet ass an dowéinst enger Elite virbehalen, déi et sech ka leeschten. Am Kontrast dozou stinn d'Märercher an d'Soen als immaterielle Räichtum, dee vum Vollek um Liewe gehalen a mëndlech verbreet gëtt. Am Kontext vun enger auslännescher Besatzung - hei déi franséisch Truppen - kritt dee kulturellen Tresor eng zousätzlech politesch Bedeitung.

Laang Expositioun

Als Lieser brauch ee schonn e bësse Gedold, fir an de Roman eran ze kommen. Dat läit elo manner um Robert Schofield senger Sprooch, déi kloer an elegant ass. Et huet méi mat der Narratioun ze dinn. Den Auteur hëlt sech nämlech gutt Zäit mat der Expositioun, dat heescht der Presentatioun vun der Ausgankssituatioun an de Personnagen.

Déi éischt Hallschent vum Roman dréint gréisstendeels ëm d'Relatioun tëschent dem Wilhelm an der Catherine, dat heescht d'Wiertsfra, an déi e sech verkuckt huet. No an no kritt een ze verstoen, datt déi Fra net wierklech an dee Kader passt. Nach méi mysteriéis ass hir verdreemte Schwëster Marie, déi an de Wäibierger an am Bësch geeschtert a poetesch Texter viru sech hi schwätzt oder séngt. Schéin a gutt, mee iergendwann freet ee sech: where's the beef?

Hiweiser fir opmierksam Lieser

A senger zweeter Hallschent präziséiert sech dat Ganzt, de Roman gëtt méi spannend an entfaalt säin Haaptthema. Zum Schluss mierkt een, datt den Auteur am éischtem Deel eng ganz Rëtsch Hiweiser gestreet huet, déi da méi spéit Sënn erginn. Zwou Méiglechkeeten : entweder et war een opmierksam genuch am Ufank, oder et fänkt een einfach nees vu vir un - wéi bei engem Märchen!

Dem Robert Schofield ass mat ''The Treasury of Tales'' e schéine Roman gelongen, vläicht eng Grëtz ze brav, deen awer seng Plaz op der Shortlist vum Servais-Präis dëst Joer verdéngt huet.