Radioen

On air

Notturno  |  Os Mutantes - Desanuviar

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur"

Nei Ausstellung am Mierscher Theater

"Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur"

Wat heescht et haut, jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d’Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, dem Curateur, geschwat.

auto_stories

4 min

 "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur" kann een nach bis de 14.07.25 am Mierscher Theater ze gesinn. | © Claire Barthelemy
 "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur" kann een nach bis de 14.07.25 am Mierscher Theater ze gesinn. (Foto: Claire Barthelemy)

Wann zu Miersch d’Schoul aus ass, a Jugendlecher sech op de Bus maachen, da gëtt gelaacht a gegeckst. Wie sech selwer nach eemol an déi schéin a komplizéiert Zäit vu senger Jugend eraversetze wëll, dee kann dat am Mierscher Theater maachen. Hei leeft den Ament d‘Ausstellung "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur", déi vum SNJ organiséiert gouf.

Erfarunge mam Public deelen

Hei geet et wann ee rakënnt direkt ëm dat wichtegst Theema iwwerhaapt: D’Léift. Eng Audio Installatioun spillt Temoignagë vu Leit mat verschiddenen Hannergrënn, déi all iwwer d’Léift an hirer Jugend schwätzen. Eng Fra zum Beispill seet, datt si hiren éischte Kuss eekleg fonnt hat, an eng aner huet sech gewonnert, wisou déi Saachen an de Filmer ëmmer als sou schéin duergestallt ginn. Anerer schwätze vum Alkoholkonsum a vun der Angscht viru Krankheeten oder Schwangerschaft. D’Opname bestätegen, datt den éischte Kuss an déi éischte Kéier fir Jugendlecher ganz opreegend Erfarunge sinn, egal vu wou si sinn oder wéi eng sexuell Orientatioun si hunn.

 "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur" ass vum Luc Spada curatéiert ginn. | © Claire Barthelemy
 "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur" ass vum Luc Spada curatéiert ginn. (Foto: Claire Barthelemy)

Einfach ass et allerdéngs net. Ee jonke Mann erzielt vu sengem éischte Kuss mat sengem Frënd, a wéi hien zwar frou war, mee dauernd gefaart huet, datt ee si géing dowéinst attackéieren. 

Dem Luc Spada, deen d’Ausstellung curatéiert huet, war et wichteg, datt se jonk an divers ass, ouni datt dat awer forcéiert wierkt.

“Jonk sinn heescht jo fir all Mënsch jonk sinn. A wann ee seet, ech sinn een hetero, wäisse CIS, 39-järege Mann, awer mat enger groussen Offenheet, awer numol sinn ech trotzdeem dee mat deem Background, deen en huet. Et war mir wichteg, d‘Rolllueden esou oppen ze kréie wéi et nëmme geet. Awer et och esou selbstverständlech ze erzielen, wéi et nëmme geet. Ech wollt net sou mat ‘kuckt mol hei ass eppes Extraes, an hei ass net Norm,’ mee et einfach sou stoen ze loossen.”

"hdg"

Op puer Plaze vun der Ausstellung ginn d’Leit encouragéiert, hir eegen Andréck matzedeelen. Beim Deel iwwer d’ Verléiftsinn ginn et Kommentarer iwwer d’Super J Party, déi an den 80er an 90er bei Teenager ganz populär war. Anerer schwätzen iwwer d’Rausgoen an der Hollerecher, oder Samschdeger an der Open Air Schwemm.

Eng Persoun erënnert un d’SMSen, déi ee geschéckt huet, wéi déi Technik bemol do war. All 'I love you', oder 'hdg' hätt deemools 12 Cent kascht, schreift si. Dëse Kommentar ass ee flotten Iwwergang op een intressanten Deel vun der Ausstellung, deen ëm d’Sprooch geet. Ee groussen Handyecran weist hei een Chat tëschent Jonker, dee fir Erwuessenen net einfach ze entzifferen ass.

Fir datt d’Ausstellung relevant fir Jonker vun haut ass, huet de Luc Spada souvill wéi méiglech mat Jonken zesummegeschafft. Sou kann een zum Beispill gefilmten Interviewe kucken, an deene Jugendlecher iwwer Theme wéi mental Gesondheet a Familljentraditioune schwätzen. Dës Videoen hu Studentinnen a Studente vum BTS Cinéma et Audiovisuel gefilmt. Et ass och Konscht dobäi, déi sech mat Identitéiten a Liewensweeër beschäftegen, wéi zum Beispill vun der Zoriana Tymtsiv, dem Sirah Haris an der Mia Kirsch.

D'Ausstellung ass net just fir de jonke Public intressant. | © Claire Barthelemy
D'Ausstellung ass net just fir de jonke Public intressant. (Foto: Claire Barthelemy)

Och ee wëssenschaftleche Bléck

D’Ausstellung ass keng stëbseg Affär, well se ganz op d’Jugend vun haut opgebaut ass. Teenager hunn ebe keng Loscht, al Bravo Zeitungen ze kucken, seet de Luc Spada.

“Ech wollt lo net sou eng Vitrinn dohinner maache mat dräi BRAVO-Zeitungen. Dat ass da rëm direkt sou antik. Ech wollt allgemeng näischt maachen, wat sou verstoppt ass. Ech hatt och kéinten nach sou Jugendzeitungen ausstellen an esou, awer dann dierf ee se net upaken.”

Et gëtt zwar heiansdo an d‘Vergaangenheet gekuckt, mee de Luc Spada seet awer, datt hie sech awer haaptsächlech op "d’Essenz vum Jonksinn" konzentréiere wollt. D’Chercheure vum Centre for Childhood and Youth Research (CCY) vun der Uni Lëtzebuerg hunn e wëssenschaftleche Bléck bäigesteiert. Dem Laura Deitz hire liichten Design a witzeg Temoignagë vu Jonker maachen awer, datt d’Fakte ganz accessibel bleiwen.

D'Léift spillt eng grouss Roll an der Ausstellung. | © Claire Barthelemy
D'Léift spillt eng grouss Roll an der Ausstellung. (Foto: Claire Barthelemy)

De Luc Spada hofft jiddefalls, datt ee mat vill Offenheet an d’Ausstellung geet, an datt se engem d’Aen opmaache kann. 

"Datt Jonker mierken, datt si net déi eenzeg sinn, an datt et vill verschidde Méiglechkeete ginn, jonk ze sinn. An Eltere gesinn et eben och.“

 "Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur" kann een nach bis de 14.07.25 am Mierscher Theater ze gesinn. Den Entrée ass fräi.