Réng vum Bicher editéiere liewen, kann een zu Lëtzebuerg awer net, seet de Roland Kayser.
“An ech géif och do soen, wann net verschidde Sparten, d'Literatur virun allem géife vum Ministère, vu Focuna (Fonds culturel national) subventionéiert ginn, da géife manner Bicher erauskommen. Dat ass ganz kloer. Also Liewen dovunner: Nee. Vläicht emol eng Kéier an engem Ausnamefall.”
Kannerbicher besonnesch beléift
Besonnesch am Trend géifen an de leschte 5 Joer d'Kannerbicher op Lëtzebuergesch leien. Egal ob dat Bicher vu Lëtzebuerger Schrëftsteller:innen oder Iwwersetzunge vun auslännesche Wierker sinn.
“Deen Trend hu mir souwuel bei de Lëtzebuergesch-sproochege Lecteuren (Elteren, Kanner) festgestallt, wéi awer och bei deene Kanner, bei deenen Elteren, déi Lëtzebuergesch net beherrschen, déi awer einfach fir hir Kanner e Buch a Lëtzebuerger Sprooch wëlle kafen.”
D'Lëtzebuerger Buch ass also weiderhin net ewechzedenken aus der Literaturwelt, esou nach de Roland Kayser.