Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - One With The Freaks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Retour an de Grand Palais: Festival du Livre zu Paräis

Literaturfestival

Retour an de Grand Palais: Festival du Livre zu Paräis

De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eng 450 Editeuren an Editricen an 1.200 Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen hu sech hei de Visiteure presentéiert. Dës Editioun stoung virun allem am Zeeche vum Retour an de Paräisser Grand Palais, dësen historesche Site, deen nees seng Diere fir d’Literatur opgemaach huet.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

Grand Palais zu Paräis | © Max Tholl play_arrow
Grand Palais zu Paräis (Foto: Max Tholl)

Den James Ellroy, d’Eva Baltasar, d’Amélie Nothomb oder och d’Leïla Slimani - dës Editioun vum Festival du Livre huet net mat groussen Nimm gegäizt an awer war de groussen Highlight vum Festival eendeiteg de Site selwer. No 32 Joer war et de grousse Retour an de Grand Palais, wou schonn 1981 déi éischten Editioun stattfonnt hat. No de Renovéierungsaarbechten un dësem monumentale Paräisser Site, war de Festival dann och d’Geleeënheet fir vill Visiteuren niewent de sëllege Bicher och de renovéierte Grand Palais nees ze entdecken.

De Lëtzebuerger Auteur an Editeur Ian de Toffoli war um Samschdeg um Stand vun Actes Sud fir säin néit Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" virzestellen. Hien als Festival-Veteran war trotz der tropescher Hëtzt am Grand Palais vun dësem beandrockt.

"Dat hei huet wierklech eppes méi grandiloquentes, du hues déi rise Saile virun der Dier, an déi Verrière, wou d’Luucht dir riicht an d’Gesiicht schéngt an ee sech fillt, wéi wann een ënnert enger Lupp géing stoen. Et ass einfach vill méi e Wow-Effekt hei ze sinn, wéi ob anere Festivallen."

Fir de Ian de Toffoli sinn esou Festivaller eng perfekt Geleeënheet fir de Kontakt mat der Lieserschaft ze sichen an dësen ze erweideren.

"Du trëffs ob Gesiichter, deenen s du nach ni begéint bass, deenen s de muss vu A-Z däi Projet nach eemol erklären."

De Programm vum Festival war déi dräi Deeg vollgepaakt mat Gespréichsronnen, Virliesungen a Signéierstonnen vun de villen nationalen an internationalen Auteuren an Autricen. Immens vill Undrang gouf et zum Beispill um Samschdegmëtteg bei engem Talk mat der Caroline Darian, der Duechter vun der Gisèle Pelicot, déi an hirem néie Buch "Pour que l’on se souvienne" op de Prozess vun hirer Mamm zeréckbléckt an Opmierksamkeet op d’soumission chimique riicht.

Et gëtt ëmmer manner gelies, mee ëmmer méi geschriwwen

Insgesamt war et ee Festival, bei deem een e relativ jonke Public constatéiere konnt, wat virun allem op déi grouss Offer vu Young Adult Literatur an BDen zeréckzeféieren ass. Just e puer Deeg virum Festival hat de Centre national du livre eng Etude publizéiert, där no ëmmer manner gelies gëtt a Frankräich. De Literaturzenter huet souguer vun engem "Désamour" fir d’Bicher gewarnt. Alarmismus war awer bei den Editeuren an Editricen net ze spieren - an och net bei der Presidentin vun der Assemblée Nationale, der Yaël Braun Pivet, déi hei hiert Buch virgestallt huet. Den Undrang géif weisen, datt d’Literatur alles anescht ewéi dout wier. Och een Editeur sot, hie kéint sech kaum viru Manuskripter retten.

Niewent Frankräich hunn awer och Länner ewéi d’Schwäiz, Georgien, Rumänien, Kanada an och den Éieregaascht Marokko op hire literaresche Patrimoine opmierksam gemaach. Den Ian de Toffoli huet awer ee Stand vermësst: de Lëtzebuerger. Eng gelongen Editioun op alle Fall, déi scho vill Virfreed op déi nächst gemaach huet - da jo vläicht och mat méi Lëtzebuerger Bedeelegung.

Lauschterenplay_arrow