Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - No Pressure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Roman steet am Zentrum vum Nationale Literaturconcours 2025

Literatur

De Roman steet am Zentrum vum Nationale Literaturconcours 2025

De Kulturministère deelt mat, datt den Nationale Literaturconcours 2025 ëm de Roman dréint. Bis den 30. Juni 2025 kënnen d‘Manuskripter era gereecht ginn.

auto_stories

1 min

Den éischte Präis fir erwuessen Auteuren vun 20 Joer un ass mat 7.500 Euro dotéiert. Et gëtt och eng Kategorie Jeunes vun den 12 bis 19 järegen, wou de Präis mat 3.000 Euro dotéiert. Fir kënne matzemaache muss een déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, hei am Land residéieren, oder eng fix Aarbechtsplaz hei hunn.