D'Zil ass och international eng besser Destinatioun fir de Sportsstourismus ze ginn.
Aktuell komme ronn véier Prozent vun allen Touriste speziell fir Mountainbike ze fueren op Lëtzebuerg, esou den Eric Thill. Et gi scho ronn 700 km u Weeër fir Mountainbike a Gravelbikes (Offroad-Vëloen) uechtert d’Land. Déi weider Strecken, déi elo dobäi kommen, sollen iwwerdeems laanscht kulturell wichteg Plaze féieren.
Et géif awer net nëmmen ëm den Tourismus, mee och ëm d'Residentë vu Lëtzebuerg , sou den Tourismusminister Eric Thill.
"De Gravel- an de Mountainbikesport, do viséiere mir souwuel, an dat wëll ech och ënnersträichen, Visiteuren, Touristen aus dem Ausland, mee ganz kloer awer och Residenten, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, déi op där enger Säit nohalteg d'Natur wëllen entdecken an op där anerer Säit d'Natur wëllen och erliewen a sech deemno och sportlech beweegen."
Dës touristesch Offer géif an d''Strategie vum Qualitéitstourismus an dem nohaltegen Tourismus passen, esou nach den Eric Thill.