Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Daft Punk, Pharrell Williams, Nile Rodgers - Get Lucky (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Prix Servais 2025 fir d’Anne-Marie Reuter

Literaturpräis

Prix Servais 2025 fir d’Anne-Marie Reuter

De Prix Servais 2025 ass fir der Anne-Marie Reuter hiert Wierk “M for Amnesia”.

auto_stories

1 min

Anne-Marie Reuter | © Miika Heinonen
Anne-Marie Reuter (Foto: Miika Heinonen)

De Prix Servais 2025 ass fir der Anne-Marie Reuter hiert Wierk “M for Amnesia”.

Dat huet d’Fondation Servais an engem Communiqué matgedeelt.

D’Buch “M for Amnesia” war 2024 beim lëtzebuergesche Verlag Black Fountain Press eraus komm.

Iwwer d’Buch “M for Amnesia” diskutéiert gi war den 20. Oktober 2024 an eiser Literaturemissioun Valibrairie.

Präis fir dat bedeitendst Buch vum Joer

De Servais-Präis ass mat 7.500 Euro dotéiert.

Dëse Präis gëtt et zënter 1992. Domat ausgezeechent gëtt all Kéier dat bedeitendst Buch aus dem viregte Joer.

D’lescht Joer war de Servais-Präis un de Samuel Hamen gaangen.