De Budget, deen de Staat fir de Pavillon zur Verfügung gestallt huet, louch bei 30 Milliounen Euro. Dat sinn 2 Millioune manner wéi nach bei der leschter Weltausstellung. Et bréicht een ee gewësse Budget, fir Lëtzebuerg esou positiv wéi méiglech duerzestellen, esou den André Hansen.
"Déi meescht Visiteuren, déi kommen aus Japan a Pays-environnanten. An déi hunn am Fong keng konkreet Virstellung vu Lëtzebuerg. A mir hoffen einfach duerch de Pavillon dat e bësse kënnen ze änneren. Déi Messagen do de Visiteure mat op de Wee ze ginn. An dat huet ëmmer e gewëssenen Impakt, mee zäitversat. Et komme jo och Business-Delegatiounen heihinner. An do wëllt een dann einfach Lëtzebuerg positiv duerstellen a Lëtzebuerg op der Landkaart erschénge loossen. Ech mengen, dat ass e bëssen och eent vun den Ziler, wat mir hei hunn."
Bei deene Business-Delegatioune gëtt an der Haaptsaach op dräi Secteure geziilt. Dat si Space, Health Tech an Datenekonomie. Iwwer den Haaptpartner vum Lëtzebuerger Pavillon, d'Chambre de Commerce, wéilt een da mat Entreprisen aus deene Secteuren a Kontakt kommen, esou nach den André Hansen.
27 Millioune Visiteure gi sech zu Osaka erwaart
De Gros vun de Visiteure wäerte wuel aus Japan an Ëmgéigend kommen, mengt den André Hansen. D'Organisateure géife schätzen, datt just 20 Prozent vun de Visiteuren aus direkter Ëmgéigend wäerte sinn.
Och fir d'Lëtzebuerger:innen gëtt et eng Méiglechkeet, de Pavillon ze besichen - och ouni bis a Japan ze reesen, erkläert den André Hansen. E Sonndeg, um Dag vun Ouverture, soll nämlech eng App lancéiert ginn, mat där een en Abléck an de Lëtzebuerger Pavillon kréie kann.
Nohaltegt Konzept vum Pavillon
E groussen Deel vun de Materialien, déi fir de Lëtzebuerger Pavillon genotzt ginn, géifen direkt aus Japan kommen, erkläert den André Hansen. De ganze Pavillon wier iwwerdeems zirkulärekonomesch opgebaut. Deemno kann een de Pavillon ofmontéieren an déi eenzel Komponente weider verwäerten. Wéi genee dat wäert oflafen, wollt den André Hansen nach net verroden. E Sonndeg, bei der Ouverture, kéint een do méi gewuer ginn, esou nach de Generalkommissär vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka.