Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Déi gréng fuerderen ee rappel à l'ordre fir de Kulturminister

MUDAM

Déi gréng fuerderen ee rappel à l'ordre fir de Kulturminister

An der Chambersëtzung den Dënschdeg hu si deementspriechend eng Resolutioun agereecht. Mat där Resolutioun soll de Kulturminister drun erënnert ginn, datt d’Chamber eng Kontrollinstanz ass an domat e Recht huet déi néideg Dokumenter dofir ze fuerderen, heescht et.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Djuna Bernard | © Chamber play_arrow
Djuna Bernard (Foto: Chamber)

Ausléiser fir dës Resolutioun ass de Virworf, datt de Kulturminister d’Memberen aus der zoustänneger Chamberkommissioun wärend der Diskussioun iwwert d’MUDAM-Affär belunn hätt.

Lescht Woch hätt een an der zoustänneger Chamberkommissioun nom Demissiounsbréif vum fréiere President vum MUDAM-Verwaltungsrot, dem Patrick Majerus gefrot.

D’Djuna Bernard vun de gréngen huet gëscht an der Froestonn dunn zitéiert, wat de Kulturminister drop geäntwert hätt

"Mir waren d'Audiodatei nach eemol nolauschteren. Zu der Fro vum Bréif vum Här Majerus, fir dee kënnen ze kréien, wëll ech drop verweisen, dass dat eng Demande vum Här Majerus war, dass dat e Bréif perséinlech un de Minister ass, an dass deen net soll public gemeet ginn. Dorun halen ech mech och, an dat wëll ech esou respektéieren."

Kulturminister am Prinzip averstan fir Informatiounen ëffentlech ze maachen

Dat géif awer net stëmmen, esou d’Djuna Bernard den Dënschdeg nach an der Chambersëtzung. An enger Email vun Enn Januar, déi och dem radio 100,7 virläit, erkläert de fréiere President vum MUDAM-Verwaltungsrot, datt een dee Bréif aus Transparenzgrënn kéint verëffentlechen.

De Kulturminister huet op de Virworf, gelunn ze hunn, geäntwert, datt säi leschte Stand dee wier, datt de Patrick Majerus net wéilt datt de Bréif ëffentlech gëtt, an ergänzt:

"A wann dat de Fall soll sinn, dann hunn ech kee Problem, wann dat dem Här Majerus säi Wëlle wier, fir Iech dat nach mat op de Wee ze ginn."

D'Deputéiert haten an der Chamberkommissioun och no der Bestandsopnam gefrot vun enger externer Berodungsfirma , deen no internen Tensiounen am MUDAM realiséiert ginn ass, seet d’Djuna Bernard nach.

Aarbechtsklima a falsch Plainten en Theema am Patrick Majerus sengem Bréif

De Kulturminister huet dunn den Dënschdeg an der Froeronn annoncéiert, datt dat elo an d’Weeër geleet gi wier. Hie géif sech net verschléissen der Chamber déi Donnéeë mat op de Wee ze ginn, dofir hätt hien déi entspriechend Kommissioun ëm hiren Avis gefrot, fir genau ze wëssen, ob déi Donnéeën esou confidentiel sinn, oder ob ee se kann eraus ginn.

"Dat ass gemaach ginn. A soubal dat de Fall ass, a mir kréien do de Go, dann hunn ech och kee Problem domat, déi Bestandsopnam der Chamber zoukommen ze loossen."

Am Demissiounsbréif vum Patrick Majerus, deen eis virläit, nennt de fréiere President vum Verwaltungsrot d’Grënn fir säi Récktrëtt. Et géif eng Partie Plaintë géint d’MUDAM-Direktesch ginn. D’Aarbechtsklima hätt och en Afloss op d’Missioun vum Musée. Weider wier hien, deem Bréif no, méi wéi eng Kéier mat falsche Beschëllegunge konfrontéiert ginn. De Patrick Majerus wëll sech zënter senger Demissioun weiderhin net ëffentlech äusseren.

Lauschterenplay_arrow