Den Tréier Theater wäert de Lieu a seng Mise en Scène vun den "Nozze di Figaro"vum Mozart mat abannen; deen a Kollaboratioun an ee mam Atelier organiséierte Concert vum Passenger wäert eventuell vun engem Sonnenënnergang profitéieren.
Headliner am Beräich vun der populärer Musek sinn d'Pop-Zigeiner Gypsy Kings; d'Schwede Mando Diao sinn dee Moment op Tour mat hirem neien Album a maachen een Ofstiecher. Den Jazz ass mam Marly Marques Quintet a mam Ara Sextet, deen ënner anerem de Pol Belardi an de Bojan Z a senge Reien zielt, zweemol um Rendez-vous. D'Lëtzebuerger Rockzeen ass mam Songwriter Bartleby Delicate an der Alternativrockband Tuys vertrueden.
Ee besonneschen Accent sollt dës Kéier drop geluecht gi ganz Wolz mat an de Festival anzebannen, an am selwechte Geste och déi aner Konschten zu Wuert kommen ze loossen. Ënner der Leedung vum Luc Spada gastéiert de Festival um ale Muart zu Wolz mat Liesungen iwwer d'Stad an hir Geschicht, oder Geschichten iwwer Dierfer a Stied (Gast Groeber, Isabel Spigarelli).
Wat geschitt mat engem Handyschnappschoss oder Selfie, wann een e selwer zeechne muss? Dës Fro probéiert d'Kënschtlerin Suzan Noesen mat de Visiteuren ze beäntwerten.
Fir déi Kleng gëtt de Musical "Der kleine Drache Kokosnuss" vum Theater Lichtermeer opgeféiert.
De Festival vu Wolz ass vum 27. Juni bis den 12. Juli beim Schlass. De ganze Programm fannt Dir op www.festivalwiltz.lu.