arrow_back_ios

article

article

/ Wéi ass et zur Faillite vun der Entreprise Paul Thiltges Distributions komm?

Filmbranche

|
reading time

4 min

headphones

16 min

play_arrow

Wéi ass et zur Faillite vun der Entreprise Paul Thiltges Distributions komm?

D’Schwieregkeete vu senger Firma hätten am Oktober 2023, mat der Liquidatioun vun der Fortuna Bank, ugefaangen, esou de Paul Thiltges. Nieft dem Problemer mat der Bank wieren och Scholden net u si zeréckbezuelt ginn.

reading time

4 min

headphones

16 min

play_arrow
Paul Thilges | © Ana Angel
Paul Thilges (Foto: Ana Angel)

D'Bank, bei der d'Firma vum Paul Thiltges Sue fir siwe Projete geléint gehat, sollt vun enger anere Bank opkaaft ginn. PTD Distributions sollt dofir keng Sue fir nei Projet méi bei der Bank léinen. D'Bank ass dunn awer net opkaaft mee liquidéiert ginn. D'Produktiounsfirma hätt quasi vun haut op muer gesot kritt, si missten déi geléinte Sue vu hieren siwe Projete, zeréckbezuelen, esou den Paul Thiltges. 

"Jo, dat war och dann e bëssen iwwerraschend, well et war net d'Bank, déi dat gesot huet, mee da komme Curateuren an d'Spill. An déi waren zimmlech aggressiv."

D'Filmer waren all schonn ofgedréint

De Problem an der Film-Branche bei esou Fäll wier, datt e Projet un d’Stacke kéim, well wärend dem Tournage op eemol d’Sue feelen. Dat wier hei awer net de Fall gewiescht, esou de Paul Thiltges. Bis op ee Film wiere se all ofgedréint gewiescht.

“Also do war am Fong e guer kee Problem. Mee mir mussen dann awer déi Ofrechnunge maachen”.

Vu, datt et sech awer heefeg ëm Koproduktiounen handelt, an een do waarde muss bis d'Chiffere vun de Koproduzente kommen, fir datt een alles zesummen huet, hätte si der Bank déi Suen awer net esou kuerzfristeg kënnen zeréckginn.

 “Da geet dat an de privaten Audit, da geet et bei de Filmfong, dat dauert ëmmer e bëssen.”

Zwou Wochen drop, am Januar 2024, hätt d’Bank beim Filmfong eng Saisie vun all hire Projeten, gemaach esou den Direkter.

“Mir haten der och e puer bei anere Banken, alles hu se saiséiert.”

Aggressiivt Virgoe vun der Bank 

Och dem Filmfong wiere vun dem Ament un d’Hänn gebonne gewiescht. Esouguer, wa si d’Sue fir e Projet zeréckbezuelen hätten, wieren dës weiderhi beim Filmfong blockéiert gewiescht, esoulaang eng Saisi drop ass.

“An, wat och e bësse komesch ass, all déi Suen, déi mer bei der Fortuna geléint hunn, do steet dann och an deem Kontrakt, datt de Filmfong de Konto vun deem Projet, all Projet huet säi Konto bei der Bank an do kënnen och nëmme Suen op dee Konto gesat ginn. “

Et wier deemno guer kee Grond gi vun der Bank fir esou aggressiv virzegoen. Den Affekote-Büro, deen dëst mat ofgewéckelt huet, war de d’Etüd vum fréiere Medieminister Jean-Louis Schiltz. En Zesummenhank gesäit de Grënner vun der Entreprise Paul Thiltges Distributions hei awer net direkt.

“Jo, dee war awer an dësem Fall net direkt betraff. Dat ass eng grouss Etüd.”

Dräi Projete missten elo nach ofgewéckelt ginn, esou de Paul Thiltges. Mee och déi wieren alleguerte schonn am Kino, respektiv geliwwert, esou datt ee sech elo och mat de Curateure misst eens ginn. Mee net just vu Säite vun der Bank goufen et Problemer.

D'Scholde goufen net zeréckbezuelt 

E Partner vu PTD Distributions huet deels bis haut seng Scholde vis-a-vis vun der Film-Produktiouns- an Distributiouns-Firma net zeréckbezuelt. D’Firma hat fir den Animatiounsfilm “A Greyhound of a Girl” mat engem italieenesche Realisateur zesummegeschafft. De Projet hätt am ganzen 8,5 Milliounen Euro kascht, esou de Paul Thiltges.

Seng Firma war hei fir déi éischte Kéier och sougenannten Delegué.

“Also mir hunn 3,2 Millioune vum Filmfong kritt gehat, fir dee Film ze maachen. Dat war de Maximum, deen ee konnt kréien. Dat ass e ganz flotte Projet gewiescht, awer och e schwieregen, e laangwieregen an esou weider.”

De Realisateur Enzo Dallo an seng Gesellschaft Allianté hätten hinnen am Ufank gesot si bréichte kee Kredit fir dëse Film ëmzesetzen. Wärend der Produktioun, no knapps annerhallwem Joer hätt et dunn op eemol geheescht, si bräichten awer Hëllef.

"Ëmmer wéi e Frënd gesinn"

PTD Distributions hätt dann e Prêt vun 1,2 Milliounen Euro ausgestallt. Do wier hire Problem da richteg lassgaangen, esou den Direkter.

“Also an dësem Fall muss ech soen, den Enzo Dallo hunn ech ëmmer wéi e Frënd ugesinn, well mir hu jo vill mat him geschafft a mir haten am Fong all ni Problemer. Ech huelen un, ech schwätzen elo net méi vill mat deem gudde Mann, well et ass och net hien direkt, mee et ass seng Fra, mat där mer verhandelt hunn, mee do huet een d'Gefill, si si selwer a Problemer.” 

Hei géif elo ee Geriicht tranchéieren. Nieft dëse Sue géif d’Firma hei den Ament och nach Stéieren, méi genau Impôts sur la fortune, zeréckfueren, déi si ze vill bezuelt haten.

De Paul Thiltges hat d’Film-Produktiouns- an Distributiouns-Firma 1993 gegrënnt. D’Faillite vu senger Firma konnt hien net méi ophalen. 

play_arrow Lauschteren