arrow_back_ios

article

article

/ Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch gouf iwwerreecht

Lëtzebuergesch

|
reading time

1 min

Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch gouf iwwerreecht

De Kulturminister Eric Thill (DP) huet gëschter Owend an der Nationalbibliothéik den Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht.

reading time

1 min

D'Membre vu Wikimedia Lëtzebuerg, d'Jackie Messerich an de Minister Eric Thill | © Gilles Kayser
D'Membre vu Wikimedia Lëtzebuerg, d'Jackie Messerich an de Minister Eric Thill (Foto: Gilles Kayser)

Ausgezeechent goufen op Virschlag vum Jury déi fréier Presidentin vun der ASBL "Moien", d’Jackie Messerich, an d‘Associatioun "Wikimedia Lëtzebuerg".

De Präis ass mat 5.000 Euro dotéiert.

En zeechent eng Persoun oder eng Associatioun aus, déi sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.