arrow_back_ios

article

article

/ D’Schiferlandschaft zu Uewermaartel soll UNESCO-Weltkulturierwen ginn

Kultur

|
reading time

2 min

D’Schiferlandschaft zu Uewermaartel soll UNESCO-Weltkulturierwen ginn

De Mëtteg gouf um Site vun de Schifergrouwen zu Uewermartel de Kandidaturprozess offiziell lanceiert, mat der Signature vun enger Konventioun teschent dem Kulturministère, der Gemeng Rammerech an der Musée de l’ardoise Asbl.

reading time

2 min

Schiferlandschaft zu Uewermaartel | © Paule Rodesch
Schiferlandschaft zu Uewermaartel (Foto: Paule Rodesch)

De Site muss elo ob eng indikativ national Lëscht ageschriwwe ginn, op der all Site stinn déi an engem Land a Fro komme fir op d‘Unesco-Lëscht, dee Prozess ass amgaangen. Duerno da kann de Kandidatur-Dossier finaliséiert ginn, preziséiert d’Simone Beck, d’Presidentin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’UNESCO. 

Fréistens an dräi Joer 

D'UNESCO hätt dräi Zorte vu Sitten: Culturel, naturel a mixte, wou déi zwee zesumme kommen.

"A fir datt e Site drop kënnt, muss en ee vun zéng Krittären erfëllen. Dat ass zum Beispill een iwwerwältegen Temoignage vun der mënschlecher Aarbecht. Dat kéint a Fro kommen. Oder en aneren ass vun engem grousse geologeschen Interêt. Dat musse mer nach alles kucke wéi mer herno d'Kandidatur axéieren." 

Ee fäerdegen Dossier kéint fréistens an dräi bis fënnef Joer deposéiert ginn, esou nach d’Simone Beck. 

De Site zu Uewermaartel gëtt zënter 2018 restauréiert a revaloriséiert. Ënner anerem kann een zënter 2022 an 42 Meter Déift, Deeler vun der Schifergrouf Johanna besichen. Zejoert waren iwwer 22.000 Visiteuren um Site.

Schiferlandschaft zu Uewermaartel | © Paule Rodesch
Schiferlandschaft zu Uewermaartel (Foto: Paule Rodesch)