arrow_back_ios

article

article

/ Rumänesche Regisseur Cristian Mungiu kritt d'Palme d‘Or fir säi Film „Fjort“

Cannes

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Rumänesche Regisseur Cristian Mungiu kritt d'Palme d‘Or fir säi Film „Fjort“

Mat enger grousser Präisiwwerreechung ass de Filmfestival vu Cannes gëschter Owend op en Enn gaangen. De prestigiéise Präis vun der Palme d‘Or, fir de beschte Film geet dëst Joer un de Film „Fjort“ vum rumänesche Regisseur Cristian Mungiu.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Rumänesche Regisseur Cristian Mungiu  | © EPA/HODA DAVAINE / POOL
Rumänesche Regisseur Cristian Mungiu (Foto: EPA/HODA DAVAINE / POOL)

De prestigiéise Präis vun der Palme d‘Or war zejoert nach un déi Lëtzebuerger Koproduktioun „un simple accident“ gaangen. Dëst Joer geet de Präis also u Rumänien. Dëst ass déi zweete Palme d'Oren zu Cannes, fir de rumänesche Regisseur Cristian Mungiu, deen domat elo Deel vun engem relativ exklusive Club vun de Realisateure gëtt. 

Lauschtert hei dem Jeff Schinker aus der 100,7-Kulturredaktioun seng Analyse.

play_arrow Lauschteren