arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Escher Gemengerot huet designéiert Memberen vum neien CA vu frEsch ugeholl

Lokales

|
reading time

1 min

Escher Gemengerot huet designéiert Memberen vum neien CA vu frEsch ugeholl

D'Kultur-ASBL frEsch stoung an de leschte Joren ëmmer nees an der Kritik, ënner anerem wéinst der Intransparenz bei de Finanzen. Den Escher Gemengeconseiller Pim Knaff war doropshin aus dem Comité d'Accompagnement zeréckgetrueden.

reading time

1 min

Bâtiment 4 | © Instagram Richtung22
Bâtiment 4 (Foto: Instagram Richtung22)

Am Dezember zejoert war, nom Récktrëtt vum Pim Knaff, een neie Verwaltungsrot en place gesat ginn, an dat ouni politesch Vertrieder:innen. 

Elo sinn zwee Represantanten aus der Escher Kulturzeen - d'Anne-Catherine Richard vum Industriekultur-Veräin CNCI, an de Charles Wenning vun der Konschthal - genannt ginn, grad ewéi siwe Memberen aus dem escher Gemengerot als politesch Vertrieder:innen. Just déi Lénk hunn nach kee Member fir den CA designéiert - dat wéilte si an der nächster Sëtzung vum Gemengerot nohuelen.