D’Iddi ass op eng Fuesweekend op der Musel entstanen.
34 Ween
Et géife schonn esou vill Kavalkaden am Dag ginn an an der Nuecht fir d’Atmosphär besser, dowéinst hätt ee sech fir eng Nuetskavalkad decidéiert, esou de Joe Bewer.
Et wäerte 34 Gruppen op där 2,4 Kilometer laanger Streckënnerwee sinn. Déi meescht dovunner wäerten de Parcours fueren, et sinn awer och6 Gruppen dobäi, déi zu Fouss ënnerwee sinn.
All Won huet säin eegene Sujet, vun Disney bis Politik.
“Dat ass e bësse konterbont gemëscht”
Vun der Landjugend Clierf si ronn 90 Memberen am Asaz.
Et hofft een op e Succès
De Joe Bewer erkläert, datt schonn 1.300 Virverkafsticketeverkaaft goufen. Weider 5.000 Tickete ginn et an der Oweskeess.
Et ass e Late-Night-Bus a Park & Ride sinnorganiséiert.
D’Haaptstreck ass ab mëttes 12 Auer zou.
De Joe Bewer hofft dodrobber d’Clierfer Nuetskavalkad anZukunft weider kënnen ze organiséieren.