Mat engem Webcomic iwwert eng arabesch Superheldin ass d'Deena Mohamed bekannt ginn. Elo huet di ägyptesch Zeechnerin eng éischt Graphic Novel op Englesch verëffentlecht: Your Wish Is My Command. D'Buch vun iwwer 500 Säiten ass fir d'éischt op Arabesch erauskomm, an dräi Deeler, déi thematesch zesummenhänken, déi een awer och fir sech ka liesen. D'Deena Mohamed huet dofir an Ägypte schonn eng Rei Präisser krit an dat Ganzt elo zu engem Band zesummegefaasst, deen si och selwer iwwersat huet.
Den Titel Your Wish Is My Command, "Däi Wonsch ass mer Befeel", spillt op d'Märche vum Aladdin un, dat och am westleche Kulturkrees bekannt ass. Doraus iwwerhëlt d'Auteurin d'Iddi vum Geescht an der Fläsch, deen engem e Wonsch erfëllt, a versetzt si an d'modernt Ägypten. D'Geschicht oder d'Geschichten spillen am haitege Kairo, dat esou ass, wéi een et sech erwaart, mam Ënnerscheed, dass sech d'Leit kënnen hir Wënsch erfëllen.
Klassegesellschaft a Kolonialismus
D'Graphic Novel stellt schnell kloer, dass, och wann et di Wënsch gëtt, d'sozial Ënnerscheeder net verschwannen, dass se, par contre, sech esouguer éischter verschäerfen. D'Zeechnerin setzt dat Ganzt och an e koloniale Kontext: Mir léieren am Laf vum Buch, dass Wënsch an Ägypten ëmmer schonn existéiert hunn, mee d'Leit sech net vill draus gemaach hunn. Eréischt d'Franzousen an d'Englänner hunn ugefaangen, si wéi en archeologesche Schatz auszegruewen oder eng natierlech Ressource ofzebauen an e grousst Geschäft draus gemaach, bei dem d'Ägypter de Kierzeren zéien.
Et gëtt dann och dräi Klasse vu Wënsch: Déi bëlleg daachen kaum eppes a verstinn d'Leit ëmmer falsch. Wann ee sech hei en Auto wënscht, da kritt een zwar en Auto, mee just als Spillsaach. Mat der zweeter Klass huet ee scho méi Succès, a mat der éischter Klass kann ee säi ganzt Liewe veränneren. Mee, déi Wënsch sinn esou rar an deier, dass sech just déi Räich se leeschte kënnen. Dat féiert dozou, dass mer am Comic e Kairo gesinn, wou op der enger Säit Leit an risegen, onsiichtbare Villae liewen, mat Autoen, déi fléien, an Dinosaurier am Virgaart, an op der anerer Säit d'Majoritéit vun der Populatioun a de selwechten aarme Quartiere lieft wéi virdrun, just, dass se elo Zauberfläsche virun der Nues hunn, déi hinnen eng besser Zukunft verspriechen.
Dräi Wënsch, dräi Geschichten, dräi Figuren
Konkret geet et an Your Wish Is My Command ëm d'Geschichte vun dräi Figuren. Si verbënnt, dass se all ee Wonsch éischter Klass aus engem Kiosk hunn, deen dräi där Wënsch zu engem Spottpräis verkeeft. Déi éischt Protagonistin ass d'Aziza, där hire Mann sech ëmmer e Mercedes gewënscht huet, vun deem e schliisslech iwwerrannt gëtt. Si iwwerleet, wéi si mat hirem Wonsch eppes un der Situatioun vun der Famill nom Doud vum Papp ännere kann, mee ier si wierklech dozou kënnt, geréit si an e bürokratesche Cauchemar. D'Autoritéite fannen et verdächteg, dass eng aarm Fra wéi si mat engem Wonsch éischter Klass duerch d'Géigend spadséiert, verlaangen ëmmer méi Pabeieren vun hier, an iergendwann lant si am Prisong. Hei kann ee natierlech eng Kritik un der Situatioun vun de Fraen an islamesche Länner erausliesen.
Déi zweet Heldin ass d'Nour, eng Studentin aus enger räicher Famill, där u sech all Weeër opstinn. Allerdéngs leit si ënner Depressiounen, iwwerdenkt alles vill ze vill a kann sech ni fir eppes entscheeden, esou dass si och net wierklech weess, ob de Wonsch, deen si fräi huet, hir wierklech hëllefe kann. Am drëtten Deel steet dann de Besëtzer vum Kiosk, de Shokry, am Mëttelpunkt. Hien ass en gleewege Mann vum Land, deen Wënsch aus reliéise Grënn ofleent an dofir och einfach verschierbele wëll. Dann awer fënnt en eraus, dass eng vun senge Clienten, eng Chrëschtin, déi ëmmer Zigarette bei hie kafe kënnt, schwéier krank ass. Hien iwwerleet, ob en de leschte Wonsch, deen e nach huet, asetze soll, fir si ze heelen, och wann d'Fra dat strikt ofleent. Am Laf vun där Geschicht gi mer gewuer, wéi de Shokry iwwerhaapt un déi dräi Wënsch koum, an och firwat d'Fra, déi hien heele wëll, genausou wéineg mat Wënsch ze dinn hu wëll wéi hien. Your Wish Is My Command zeechent esou e Panorama vum moderne Kairo mat Portraite vu Leit aus verschiddenen gesellschaftleche Schichten an engem breede Spektrum un Theme wéi Fraerechter, Relioun oder psychesch Gesondheet.
E staarke Stil a vill Themen
De Stil ass an enger klassesche Cartoon-Traditioun an erënnert speziell un de Will Eisner, ee vun de "Pappe" vun der Graphic Novel. De Comic ass um Ufank vun all Deel ëmmer eng Zäit faarweg, ier en op Schwaarzwäiss wiesselt. Hei wier et vläicht méi konsequent gewiescht, ganz op Faarf ze verzichten. Et gëtt och tëschent den eenzelen Deeler Infographiken mat Informatiounen iwwert d'Geschicht an d'Funktionéiere vun de Wënsch, déi éischter oflenken, wéi dass se vill zur Geschicht bäidroen. Mee allgemeng huet d'Deena Mohamed en staarken, dynamesche Stil, mat vill Witz an Ofwiesslung am Layout, deen d'Buch ouni Problem iwwer 500 Säiten dréit.
Et riskéiert een e wéineg vun der Matière erschloen ze ginn, well d'Graphic Novel enorm vill Themen uräisst. Mee, d'Iddi vun de Wënsch, déi magesch-realistesch Atmosphär an den oft satiresche Bléck op d'ägyptesch Gesellschaft halen d'Buch zesummen. Allgemeng erreechen eis net esou vill Comics aus der arabescher Welt, en plus ass dësen vun enger Fra gezeechent: dat mécht natierlech och, dass mer hei eng eenzegaarteg Perspektiv gebuede kréien. Dofir, mee och einfach, well et eng gutt gemaache Graphic Novel ass, sollt een sech Your Wish Is My Command net entgoe loossen.