No sengem Journalismusstudium ass seng berufflech Karriär 1974 beim “Republicain Lorrain” ugaangen, déi nächst Statioun war dunn an der Kanalstrooss zu Esch beim “Tageblatt”, deemools voll an der Zäit vun der Stolkris, mat op där Plaz och spéider der Nominatioun als Chefredakter adjoint.
Déi nei Informatiounstechnologien
Eng aner grouss Passioun vum Fernand Weides sinn a waren déi nei Informatiounstechnologien, mat notamment senger Aktivitéit bei der Societéit “Videocom”, du war en Direkter vum “Eldoradio” a vun 1994 Direkter vum radio 100,7.
Eng Aarbecht déi en awer net nëmmen op den administrative Volet limitéiert huet. Neen. De Fernand Weides huet nach weider, fir et emol esou ze soen um Terrain geschafft an dobäi kann een un de Rendez-vous an der Galerie um 100,7 erënneren, de Rendez-vous mat der Konscht all Méindeg Owend op der Antenn vum 100,7. A genee dat ass nach eng aner Passioun vum Fernand Weides, d’Konscht.
Mä dat alles ass awer nach laang net duer gaangen, mä dem Fernand Weides säin Engagement goung nach méi wäit an zwar als aktive Member an och President vun Association luxembourgeoise des Journalistes, oder senger Aarbecht am Conseil de Presse, och nees zäitweis als President.
E Loftballon am Cactusfeld
De Fernand Weides huet de radio 100,7 an engem Ament iwwerholl wou d‘Situatioun net déi bescht war, besonnesch mat finanzielle Problemer. Déi Zäit wou de Fernand Weides den 100,7 1994 iwwerholl gouf emol esou beschriwwen an zwar datt de Fernand Weides de 100,7 wéi ee Loftballon duerch e Cactusfeld gedroen huet.
“Dat ass vläicht e schéint Bild gezeechent. Et war eigentlech esou, wéi ech Direkter gi sinn, do krut ech gesot vum Verwaltungsrot, et si keng Sue méi do, fir zousätzlech grouss Spréng ze maachen. An do hu mir emol all fräi Mataarbechter:innen, viru menger Zäit, fräigestallt. An do hunn ech mat der fester Equipe, déi do war geschafft a gläichzäiteg all déi aner Leit nees kontaktéiert a gesot: Passt op, dat gëllt elo fir dëst Joer mee d'nächst Joer hu mir erëm e puer Su an da kënnt dir nees schaffen.”
An dat war och déi éischt Demarche déi de Fernand Weides entaméiert huet, nämlech déi finanziell Problemer vum 100,7 ze léise wat och gelongen ass.
Neie Siège a Ganzdagesprogramm
Eng weider Demarche war dann datt de Fernand Weides wollt datt den 100,7 eege Büroen a Studioe soll kréien, well de “soziokulturelle Radio”, wéi en deemools genannt gouf, um Kierchbierg am Gebai vun RTL war.
“Dat war meng Iddi fir ze kucken esou séier wéi méiglech onofhängeg ze ginn engersäits. An anerersäits, wéi ech ugetratt sinn hu mir Mëttes um Hallwer Dräi ugefaange mat Senden. E Radio mécht een net Mëttes um Hallwer Dräi, dat ass kloer, d’Iddi war esou schnell wéi méiglech op e Ganzdagesprogramm ze kommen.”
An dat huet de Fernand Weides och ëmgesat, den eege Siège war fir d’éischt an der Lonkecher Strooss, dono an der Avenue Monterey fir elo dann en neit Doheem um Kierchbierg nieft der Coque ze hunn.
An och de Ganzdagesprogramm ass Realitéit ginn, an de radio 100,7 huet haut eng fest Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft an ass duerch seng Affiliatioun bei der EBU, der European Broadcasting Union och iwwert Grenzen eraus present.