Radioen

On air

Tockcity  |  Inhaler - Open Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Peppa Pig: E klengt Schwéngchen, dat d'Welt erobert huet

Kannersendung

Peppa Pig: E klengt Schwéngchen, dat d'Welt erobert huet

E Brittescht Schwéngchen huet d’Welt erobert. Peppa Pig, wat zu Lëtzebuerg als Peppa Wuz bekannt ass, huet mat enger klenger Sendung a Groussbritannien ugefaang an huet sech dunn an eng Milliardeschwéierer Franchise entwéckelt. Mee wat mécht dat klengt Schwéngchen sou speziell? 

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Geschriwwe vum Claire Barthelemy

Déi alleréischt Sendung vu Peppa Pig gouf 2004 ausgestraalt. Zënterhier ass d’Schwéngchen ee vun de gréisste kulturellen Exporter aus Groussbritannien ginn. Bis elo ass d’Sendung an 180 Länner ausgestraalt an a 40 Sproochen iwwersat ginn.

Ongeféierlech a gemittlech

D’Peppa ass ee klengt Meedchen, wat selbstbewosst ass a sech gären ëm säi klenge Brudder de George këmmert. Mat hiren Eltere wunnen si an engem Haus héich op engem idyllesche Bierg.

D’Welt vum klenge Meedchen ass ganz ongeféierlech, jiddereen huet e frëndlech, wann och krakseleg gemoolte Gesiicht, béis Leit a Konflikter ginn et keng. An wa kleng Problemer opdauchen, sinn déi ëmmer séier geléist. Ob dat lo dem Peppa seng Erkältung ass oder dem George säin Hick.

D’Aventurë vun der Famill sinn all ganz gemittlech. Déi éischt Folleg zum Beispill heescht ‘muddy puddles’, an an där geet och wierklech just dorëm, an de Bulli ze sprangen. De Bulli an d’Puddele sinn dunn och dem Peppa Pig sengem Markenzeeche ginn, genau wei och de Paddington Bear mat senger Marmelade, dee jo och ee Britteschen Export ass.

Onverkennbar Brittesch

Kleng Kanner ginn hei net duerch vill Musek oder schwéier Wierder iwwerfuerdert. Och als Erwuessen ass dat Ganzt eigentlech ganz gutt z’erdroen, wat ee jo net vun alle Kannersendunge ka soen, ouni lo d’Teletubbies z’ernimmen.

Wat awer ouni Zweifel och zum Erfolleg bäigedroen huet, dat sinn dem Peppa seng Racinnen. Vum Accent bis bei den Humor sinn d’Schwéngercher onverkennbar brittesch. Dat héiert een, wann d’Peppa bei klenge Problemer ‘oh dear’ seet.

Weltwäit grousse Succès

D’lescht Joer huet d’Schwéngchen säin 20. Gebuertsdag gefeiert. Vun der Peppa Pig Mark kann ee mëttlerweil Spiller, Bicher, Kleeder, Séissegkeeten an nach villes méi kafen. Et ginn och souguer Peppa Pig Themeparken an Amerika, England an Däitschland, a geschwë soll och een a China opgoen, wou d’Peppa Pig immens beléift ass.

De Profit ka sech weise loossen: Am Joer 2022 huet d’Franchise en Ëmsaz vun 1.7 Milliarden Euro gemaach.

Produzent: "Schockéiert, wéi schlecht verschidde Kannersendunge waren"

Dobäi hat d’Peppa Pig ganz bescheiden ugefaangen. An hirem klenge Londoner Studio hunn d’Animateuren Neville Astley a Mark Baker deemools un enger neier Kannersendung geschafft, déi sech vun anere Sendungen ënnerscheede sollt.

"Ech war schockéiert, wei schlecht verschidde Kannersendunge waren." Seet hire Produzent de Phil Davis dem Guardian. "Net nëmmen d’Produktioun, mee och d’Geschichten - déi haten oft kee Kapp a kee Schwanz. Villes war onverständlech, an d’Meedercher waren all entweder Prinzessinnen oder Ballerinaen," sot hien.

Si wollten ee Personnage, deen eng Famill huet, well dat eng Realitéit ass, mat deenen d’Kanner sech direkt identifizéiere kënnen. Sou konnt och Humor an d’Geschichten agebaut ginn.

"Kanner laache gär iwwer hir Elteren"

“Eis Erfarung ass et, datt d’Kanner net gären iwwert sech selwer laachen, mee se laache gären iwwert hir Elteren. Mat der Mummy Pig a mam Daddy Pig konnte mer Humor rabréngen ouni iwwert d’Kand an der Sendung ze laachen,” sou sot de Mark Baker dem Guardian.

Dem Peppa Pig huet den technologesche Wandel och ganz vill gehollef, well mat Smartphones an Tablette konnten d’Kanner d’Schwéngchen an seng Famill op eemol mat an den Auto oder an de Restaurant huelen. An der Pandemie hunn Amerikanesch Eltere souguer behaapt, hir Kanner hätten ugefaange mat Britteschem Accent ze schwätzen, well se sou vill Peppa Pig gekuckt hunn.

Grouss Entreprisen op de Succes opmierksam ginn

Natierlech si grouss Entreprisen drop opmierksam ginn. D’Amerikanesch Spillsaachemark hasbro huet d’Produktiounsfirma vum Peppa Pig 2019 fir ronn 4 Milliarden Euro kaaft. An déi huet Lizenverträg mat villen anere Firmen, wei zum Beispill mat der Sportsmark Reebok a dem Audiobook-Kommerz vun Amazon.

D’Peppa Pig wäert also sécherlech nach weider Deel vum Liewe vun de klenge Kanner ronderëm d’Welt bleiwen.

Lauschterenplay_arrow