D’Véronqiue Fauconnet huet den “klengen” Theater an der Fonctioun als artistesch Responsabel an der Suite vum Marc Olinger, ee vun de Grënnungsmembere vum TOL, iwwerholl.
Gegrënnt gouf den TOL 1973 vum Marc Olinger, dem Henri Losch, dem Pol Greisch, dem Ger Schlechter an der Christiane Schlechter-Wirtz.
Den Theater mat all senge Facetten
D’Véronique Fauconnet ass nieft hirer Aarbecht als Directrice Artistique vum TOL awer, oder virun allem och Actrice a Regisseurin.
Si huet eng Schauspillformatioun am Escher an am Stater Conservatoire bei Leit ewéi Marc Olinger, Philippe Noesen a Claudine Pelletier gemaach, an hat hiren Ufank op de Brieder déi, wéi se soen, d’Welt bedeiten 1982 am Kapuzinertheater.
Scho 25 Joer d’Séil vum TOL
Et ass eng grouss Léift zum Theater déi d’Véronique Fauconnet entwéckelt huet an dat geet vum klasseschen Theater bis eriwwer bei zäitgenëssesch Dramatik.
An nieft dem Spill an der Regie elo och scho 25 Joer als Directrice Artistique.
"Oui, oui ça va vite! C’est vrai, c’était une autre époque il y a 25 ans, mon dieu. C’était une autre époque parce que le statut d’intermittent du spectacle était tout juste en train de sortir. Les gens ne vivaient pas encore de ce métier. Tout était sur base de bénévolat, ca l’ai encore beaucoup TOL d’ailleurs."
Eng ganz jonk Directrice vum TOL
D’Véronique Fauconnet huet als jonk Actrice déi se war, déi artistesch Directioun vum TOL vum Claude Frisoni iwwerholl, e Frisoni mat engem nawell zolitte Charisma.
"Avec énormément de charisme, et moi j’étais une toute jeune femme, mais quand même une jeune femme à passer derrière ça, oui, ça était un challenge, j’avoue."
Zu hirer Véier waren a sise bis ewell déi den TOL dirigéiert hunn, de Marc Olinger, d’Claudine Pelletier, de Claude Frisoni an elo eben zënter 25 Joer d’Véronique Fauconnet.
"On était, on est toujours même si Marc il n’est plus là, on est quand même liés les uns aux autres, parce qu’on a travaillé tous les quatre ensemble. Il y avait vraiment un lien très familial, très amical entre ces quatre personnalités."
Den TOL en Theater an eng Famill
Et ass schonn e ganzt intensiivt Zesummeliewen dat den TOL an och déi ganz Ekipp charakteriséiert an dofir ass et sécher net vu Muttwëll, besonnesch fir d’Véronique Fauconnet, den Term “Famill” ze nennen, wa vum Théâtre Ouvert Luxembourg riets geet.
"D’abord parce que quelque part j’ai été théâtralement éduquée par Marc Olinger, qui était un homme de Famille pour tous ce que ça a de positif et de négatif. Mon éducation vient de là."
Usträichen am TOL
Fir d’Véronique Fauconnet war an ass eng Plaz wou een oppe matenee ëmgeet a wou ee sech ausernee setzt. Doriwwer eraus bedeit den Theater fir d’Véronique Fauconnet och Handwierk, an dat erënnert si dann un hiren éischte Kontakt mam TOL.
"Mon premier job au théâtre, ça n’a pas été de jouer, moi j’étais élève de Marc au conservatoire et en juin il nous a dit, enfin il a dit à sa classe: ‘Vous voulez faire du théâtre? Eh bien, venez.’ Et il nous a fait repeindre le TOL. C’est vrai, mon premier job au TOL, c’était de repeindre tout ce théâtre, intérieur, extérieur, on était tout jeune, on avait la foi, mais ça fait que ça attache énormément à un lieu."
En anere Volet vun der Véronique Fauconnet hiren Aktivitéiten war awer och hir Aarbecht an der Animation théâtrale an de Lycéeë, dat si 10 Joer laang fir den Kapuzinertheater gemaach huet.