Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

auto_stories

2 min

Maria Usbeck – Mantarraya | © CascineLabel
Maria Usbeck – Mantarraya (Foto: CascineLabel)

Et gëtt esouvill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

D‘Diva ass nees zeréck. D‘Lady Gaga, déi mat hirer fuschneier Plack „Mayhem“ beweist dass si nach ëmmer e Banger ze bidden huet. En Album op deem definitiv eng jett Ouerewierm ze fanne sinn. Méi subtil a verdreemt geet et bei der ecuadorianescher Musekerin Maria Usbeck hir, där hir nei Single „Mantarraya“ d‘Fréijoer an e bloen Himmel ervirrifft. De schottesche Museker Joesef rifft op „Stephanie‘s Place“ mat gemittlechem Groove an de Club. Do gëtt eis dann och den Antony Szmierek vu Manchester Rendez-Vous. Op „Big Light“ trëfft éierleche Sproochgesang op 90s Beats a Gospel Chouer. Duseleg a verspillt – esou klengt d‘Lidd „Eva“, ze fannen op der neier EP vun der Lëtzebuerger Band Tuys. Den Amerikaner Djo verléiert sech op „Delete Ya“ mat vill Nostalgie an enger Bezéiung déi an d‘Bréch gaangen ass, an di norwegesch Pop Musekerin Jenny Hval invitéiert op „To Be A Rose“ an en tropesche Blummebuttek, mat dompege Rhythmen an engem epesche Schluss.

Op d'Oueren! 07.03.2025

  • Lady Gaga - Garden Of Eden
  • Maria Usbeck – Mantarraya
  • Joesef – Stephanie‘s Place
  • Antony Szmierek – Big Light
  • Tuys – Eva
  • Djo – Delete Ya
  • Jenny Hval – To Be A Rose