"Wann ech éierlech sinn, fillen ech mech haut zimmlech schlecht." Dat war der Lisa Yasko hir Äntwert, wéi si am 100,7-Interview gefrot ginn ass, wéi et hir géif goen. E puer Stonne virum Interview gouf et eng russesch Attack op déi ukrainesch Stad Sumy.
"Schrecklech Doudesfäll mat Kanner a Leit, déi an der Ukrain haut zu Sumy ëmbruecht goufen. Leider ass dat näischt Neies. Dat geschitt vun Zäit zu Zäit. Awer d’Biller, déi elo um Internet sinn, vu Leit mat Blutt ... Ech weess net, ech mengen, et ass offensichtlech, datt de Krich net geschwënn eriwwer wäert sinn."
"Responsabilitéit fir eis selwer iwwerhuelen"
D'Lisa Yasko ass Deputéiert a Sängerin. Si ass zënter 2019 am ukrainesche Parlament an huet sech fir déi international Relatiounen entscheet a war Member wärend zwee Joer vum Conseil de l'Europe
Duerch hir international Aktivitéite probéiert si d'Länner dozou ze beweegen, méi aktiv ze gi fir d'Ukrain.
"Mir dierfen net méi waarden. Ech menge verschidde Saache si ganz kloer ginn: Datt mir Responsabilitéit fir eis selwer mussen iwwerhuelen. Mir kämpfen zënter Generatioune fir d’Fräiheet vun eisem Liewen an eisem Land. An et schéngt, wéi wann déi europäesch Länner elo verstoen, datt mir onofhängeg musse sinn, vun den USA oder vun engem aneren."
Eng staark Verbindung zur Ukrain an zu Europa
Hir Lidder, déi si selwer komponéiert, sinn dacks inspiréiert vum Krich, wéi den Haapttitel op hirem Concert: D'Lidd "My Soil", mäi Buedem also, ass een engagéierte Message. An Zäite vun Däischtert, wann an der Ukrain nees kee Stroum produzéiert gëtt, bréngt eng Fra et fäerdeg an där Däischtert nees Liicht ze bréngen. D'Musek kann heelen.
"Kultur kann definitiv heelen. Ee vun de Grënn, firwat ech dëse Museksevent maachen, an net just deen eenzegen, ass och, well ech meng perséinlech Heelung brauch. E puer vun de Lidder, déi ech selwer geschriwwen hunn, sinn an ënnerschiddleche Phase vu mengem Liewen entstanen a si si verbonne mam Kampf fir Fräiheet wärend der Revolutioun, an der Zäit vun der voller Invasioun."
All dës Lidder hätten eng ganz staark Verbindung, net nëmmen zur Ukrain, mee och zu Europa an zu verschiddene Erfarungen, déi si gemaach hätt, esou nach d'Lisa Yasko.